Scoutsziedel bis den 3. Juli 2011

Fir iech alleguer:
En Donneschden den 23. Juni gi mir mat op den Te Deum, deen dëst Joer zu Rodange ass, RDV an Uniform um 9:00 zu Péiteng op der Maartplaz. Vun do aus fuere mir mam Bus bis op Rodange, géint 12:15 Auer si mir erëm zu Péiteng.

Intervilles 2011

Fir all d’Wëllefcher:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer. Nächste Samschdeg, den 25.6 hu mir KENG Versammlung.  Mir maachen och dëst Joer erëm mat beim Mini-Interville deen zu Déifferdeng ass. Nëmmen well MIR d’Läscht Joer gewonn hunn braucht dir iech net ënner Drock setzen ze loossen 🙂 Den Mini-Interville ass fir jiddereen den 10 Joer al ass. Déi aner, an all d’Elteren an soss Fanen  kennen mat kucke goen. RDV ass den 25.06 um 15:00 zu Péiteng bei der Sportshal. De Bus bréngt iech géint 20:30 Auer och nees dohinner zeréck. Jiddereen dee matmécht soll een Joggingskostüm an Turnschlappen undinn an e Kuerf mat engem Duch an enger Schwammbox mathuelen.
E Sonndeg den 3. Juli gi mir Wëllef op de Sennengerbierg, op de Wellëfchersrally. Mir treffen eis an Uniform um 7:50 Auer zu Péiteng op der Gare. Mathuelen: 10 Euro, ee klenge Rucksak mat Picknick a Gedrénks, ee schwaarzen oder wäissen T-Shirt (dee knaschteg ka ginn), an e K-Way. Mir sinn owes um 18:00 nees zu Péiteng op der Gare.
Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’ AvEx:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer. Nächste Samschdeg, den 25.6 hu mir KENG Versammlung.  Mir maachen och dëst Joer erëm mat beim Mini-Interville deen zu Déifferdeng ass. Nëmmen well MIR d’Läscht Joer gewonn hunn braucht dir iech net ënner Drock setzen ze loossen 🙂 Den Mini-Interville ass fir jiddereen den 10 Joer al ass. Déi aner, an all d’Elteren an soss Fanen  kennen mat kucke goen. RDV ass den 25.06 um 15:00 zu Péiteng bei der Sportshal. De Bus bréngt iech géint 20:30 Auer och nees dohinner zeréck. Jiddereen dee matmécht soll een Joggingskostüm an Turnschlappen undinn an e Kuerf mat engem Duch an enger Schwammbox mathuelen.
E Samschdeg den 2. Juli hu mir vu 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
-Howdy, är Chef

Fir all d’CaraPio:
Liest w.e.g bei: Fir iech alleguer.
Den 25. Juni ass um 18 Auer eng Jamboree-Infoversammlung fir d’Participanten an Elteren fir eis ganz Unitéit zu Diddeleng (Rue Jean Friedrich) am Home Belvedere (Gréng Scouten a Guiden Diddeleng).
E Samschdeg den 2. Juli hu mir vu 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
-Léif Gréiss, är Chef

Fir all d’RaRo:
Liest w.e.g. bei: Fir iech alleguer.
Den 9. Juli hëllefe mir beim Schoulfest, mellt iech w.e.g. beim Kim um 621197160 un oder of. No dem Schoulfest hunn mir eng Versammlung um Bierg an do soll JIDDEREEN präsent sin ! Aus organisatoresche Grënn gi mir dëst Joer NET op de Camp. Déi Leit wou schonns ubezuelt hunn, kréien hir Suen natierlech erëm.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top