Scoutsziedel bis den 22. Mee

Fir all d’Wellefcher:
Samschdes, den 9. Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Päischtverkanz (da kennt erëm en neien Ziedel).
Claire, Alex,Lena an Claude
Fir all d’AvEx:
Samschdes, den 9. Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg . Den 16. Mee ass keng Versammlung awer duerno ass et esou weit! Vum 22. bis den 25 Mee gi mir op eisen supercoolenmegaméissegen Réimer a Gallier W.E

  • Umellen: Mellt iech w.e.g bis den 16. Mee (no 17°°) beim Guy um 691435358 un.
  • Départ: Mir treffen eis Freides den 22.Me.e um 17.15 Auer an Uniform (ween eng huet) zu Péiteng op der Gare (den Zuch fiert um 17.24).
  • Mathuelen: Gezei fir all Wieder, Reejakett NET vergiessen, dëck Schung, Schlappen, Wäschgeschiir, Schloofsaack, ausgefëllten Fiche médicale, gudd Laun, Täschemesser, Täscheluucht. Dir braucht neischt fir z’iessen matzehuelen.
  • Doheemlossen: Handy, Gameboy, Wertgéigenstänn …..
  • Preis: Den W.E kascht 30Euro (gitt d’Suen w.e.g beim Départ of)
  • Retour: Mir sin Sonndes, den 24.Mee erem um 16.50 zu Péiteng op der Gare

Hei nach e puer Firukennegungen:
Sonndes, den 21 Juni gi mir mat op Woltz, op den Absurdcup dëst gëtt e flotten Daag mat lauter gëckege Spiller, wou all d’AvEx aus dem Land matmachen. Hei därfs du natichlch net feelen! Mell dech bis den 16. Mee (no 17°°) beim Guy um 691435358 un. Eise Summercamp ass vun Freides dem 18.Juli bis Sonndes den 26. Juli zu Holzheim daat ass op der belscher Seit vun der Eifel.
Annik,Gilles,Charel, Mandy, Guy, Sven an Fredy
Fir all CaraPio:
Samschdes, den 9. Mee hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Vun Freides, dem 15. Mee, bis Sonndes dem 17. Mee gi mir op den IRON-SCOUT. Hei kennt dir weisen ,waat dir esou drop hut! Dir kënnt entscheeden, op dir um Hike 20, 40 oder 65 km wëllt goen. Départ: Mir treffen eis Freides um 19.°° beim aalen Pompjeesbau, et wär gudd wann dir firdrun schons zu Owend giess hätt. Retour: Sonndes, den 17.Mee si mir erëm um 13°°beim aalen Pompjeesbau (mir iessen Schmieren Ier mir heemkommen). Dee ganze Spaass kascht 30 Euro (gitt d’Suen w.e.g beim Départ of). Mellt iech per Telefon bis spéidstens den, den 08.Mee beim Lukas um 661 620 846 un.
Fir all déi wou net matgin: E Samschden den 16.Mee ass Pobeiersammlung r.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir all Hëllef!!
Lukas,Yannick , Mich an Béa
Fir all d’RaRo:
Samschdes, den 9. Abrëll gi mir nomëttes an d’Staat e Fussballmatch vun de Capverdianer kucken (Détailer kritt dir beim Mym). Owes gi mir an den Home, do ass e Concert vum Grupp Back Yard. Wëll eisen Star Scout de Charel an dëser Band matspillt därfe mir do net feelen.
Freides, den 15. Mee ass eisen Capverdianeschen Owend. Déitailer fannt dir hei drënner.
E Samschdeg, den 16.Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. MERCI dass DU dobei bass!!!!
Mym, Joel, David an Lex
Fir all d’Elteren vun den RaRo, d’Matarbechter, Frënn, d’Guilde, d’Cheféquipe an soss Interesséiert:
Freides den 15. Mee invitéiren d’RaRo op hiren Capverdianeschen Owend: Mir invitéiren eis Elteren, Frënn an soss interesséiert fir um 19°° op de Bierg ze kommen. Mir weisen Diaen aus dem Cap vert an erzielen vun deem waat mir esou um Camp erliewt hun. Fir Iessen an drenken ass gesuergt, an et kascht neischt!
Fir all d’Matarbechter, d’Cheféquipe …..:
Den 16.Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en décke Merci fir all Hëllef!!
Fir d’Chef:
E Mëttwoch den 6. Mee ass Grupperot um 20°° um Bierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top