Scoutsziedel bis den 8. Oktober

Fir iech alleguer
E Sonndeg den 2. Oktober ass d’Journée de la Commémoration nationale. Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechkeeten,  déi dest Joer zu Lamadeleine sinn, deel. Mir treffen eis an Uniform (wenn eng huet) um 9.15 Auer  zu Péiteng beim ale Pompjeesbau, vun do aus fuere mir mam Bus op Lamadeleine. Mir gin mat am Cortège an duerno an d’Mass, géint 12°° Auer si mir erëm beim ale Pompjeesbau.

Fir all d’Wëllefcher
Salut léif Wëllef,  déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9. Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’AvEx ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’ AvEx
Salut AvEx, nächste Samschdeg den 1.Oktober gi mir richteg sportlech; mir maachen een Tour mam Vëlo. Mir treffen eis um 14°° zu Péiteng bei den Weieren um Parking vum Café Chalet Laangwiss. Bréngt alleguer e Vëlo, en Helm an e Bidon mat Waasser mat. Mir sinn um 18°° Auer erëm bei de Weieren. Falls et sollt reenen, gi mir trëppelen da sollt dir am Platz vum Vëlo uerdentlecht Reengezei matbréngen. An dem Fall braucht dir och keen Helm. De Samschdeg drop, den 8.Oktober hu mir vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9.Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’CaraPio ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’CaraPio
Salut alleguer, déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 14°° -16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi ugekënnegt hätt sollen den 8. an 9. Oktober Montées W.E sinn. Dat ass do wou déi eelst vun eis bei d’RaRo an oder Chef ginn. Mir hunn dëse W.E (wéinst de Walen) ëm eng Woch geréckelt. En ass den 15. an 16. Oktober. Detailer kommen am nächste Bréif. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’RaRo
Déi 2 nächst Samschdeger, den 1. an den 8.Oktober hu mir all Kéiers vun 16°° -18°° Versammlung um Prënzebierg. WEEN DEN 1.10 NET KANN AN DER VERSAMMLUNG SINN, SOLL DEM GUY SENG REZEPTER MAILEN. [Admin: maacht dat iwwert den Kontakt Formular oder op dem Guy seng Adress wann der se scho wësst.] Montées W.E: 15 an 16 Oktober => mir hëllefen um W.E kache a brachen….. Lies och bei: Fir iech alleguer

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef
Virukennegung: Den 15. Oktober ass Pabeiersammlung

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top