Scoutziedel bis den 29. Juli

Fir all d’Wellefcher déi mat op de Camp gin:
Vum 18.(Samschdes) bis den 25.Juli (Samschdes)  gi mir op de Camp ob Äischer bei Wëlwerwoltz. Mir treffen eis an Uniform e Samschden, den 18.07 um 13.55 zu Péiteng op der Gare (den Zuch fiert um 14.10 Auer. Matbrengen : Kuckt beim Punkt 3) et ass fir d’Wëllef an d’Avex daat selwecht. Ausser: Dir braucht keng Carrymatt a keen Feldbett, duefir awer ärt Pistebichelchen, an e ganz weissen T-Shirt (keen neien). Gitt d’Kopie vun der Impfkaart,eng Kopie vun der Carte d’idendité , d’Fiche médicale an d’Suen beim Départ of. Den Camp kascht 140 Euro (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner). Retour:Mir invitéiren d’Elteren fir den 25.7 um 12°° op eis Campplaatz op Enscherange bei der Rackesmillen ze kommen. Brengt w.e.g  ärt Gegrills mat, mir suergen fir d’Feier an d’Gedrënks sou wéi fir de Kanner hirt Iessen. De Camp ass géint 14°° eriwer an dir kënnt (oder sollt)äre Wëllefchen erem matheem huelen. Wann dir nach Froen hut, dann rufft dem Claude Tel.: 621294348 oder dem Lena um  621765259 un.

Fir all d’AvEx déi mat op de Camp gin:
Vum 18.(Samschdes) bis den 26.Juli .(Sonndes)  gi mir op de Camp op Holzheim an der Belsch. Départ  an Uniform ass Samschdes  den 18.07 um 9.30 zu Péiteng bei der Sportshaal / Schwëmm (Mir fueren mam Sales-Lentz dohin an zerëck).
Matbrengen : Kuckt beim Punkt 3) et ass fir d’Wëllef an d’Avex daat selwecht. Ausser: Fir den Hike do braucht dir eng Carrymat, d’Feldbett ass ze schwéier fir ze droen, daat mam Petzi ass net onbedingt fir iech, awer wann et iech helleft… , Schlappen braucht dir och keng, vergiesst den AvEx Pass net. Brengt e Picknick fir Samschdes Mëttes mat. Well mir an d’Ausland gin,braucht dir eng Autorisation de sortie du territoir. Des muss vun engem Elterendeel op der Gemeng ugefrot gin fir d’Dauer vum Camp. Hei ass d’Campadress. Holzheim 7 B-4760 Büllingen. Responsabel vum Camp: Guy Zoller. Den Här wou eis d’Campplaatz verlount ass den Eddy Held. Gitt d’Kopie vun der Impfkaart, eng Kopie vun der Carte d’idendité , d’Fiche médicale, d’Autorisation de sortie du territoir an d’Suen beim Départ of. Den Camp kascht 150 Euro (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner).
Retour: Mir sin Sonndes den 26. Juli géint 16.30 Auer erem zu Péiteng bei der Sportshaal / Schwëmm. Wann dir nach Froen hut, dann zëckt net, a rufft dem Guy un, Tel.: 691435358. Während dem Camp ass emmer een op deser Nummer ze ereechen.

Waat d’Wëllef an d’Avex alles esou brauchen fir op de Camp:
Matbrengen :

  • Wäschsaachen:Zännbiischt,Zahnpasta, ee Läppchen,Seef ee klengt Duch,eng Biicht
  • Schwammsaachen: e grousst Duch, e Maillot/Schwammbox/Schwammkaap
  • Ee Schlofsaack
  • Carrymatt oder Loftmatratz oder Feldbett
  • evt. een Kappkessen an e Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksack
  • een Bidon
  • eppes fir ze liesen fir an der Freizeit oder ee Kaartespill
  • e Stoffene Saack knaschteg Kleeder
  • fresch Ennerwäsch an Strëmp fir all Daag
  • eng gudd Reejaket (net onbedingt eng schéin awer eng déi gudd géint de Reen ass !!!)
  • dëck Schung , Turnschlappen
  • Gezei fir all Wieder an dees waat kann knaschteg gin
  • eng Kaap an eng Mutz (owes kann et kaal gin)
  • Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)*
  • Spray géint Zecken
  • een Täschmesser
  • eng Täschelucht
  • a Schlappen.

Verpaackt alles an engem Rucksaak. Et ass wichteg dass är Saachen gezeechend sin! Net matbrengen: Wertsaachen, Handy, Gameboy , Täschegeld an Séissegkeeten.
Fir all d’Carapio/ RaRo /d’Cheféquipe an d’Matarbechter
Mettwochs den 29. Juli organiséiren mir een Nomettëg mat flotte Spiller um Bierg, dest ass fir d’Kanner vum 1schten an 2ten Schouljoer déi bei der Vakanzenaktioun matmachen. Well 100 Kanner kommen brauchen mir Leit déi eis do eng Hand upacken. Moies vun 9°° un, riichte mir op mir iessen um Bierg zu Metteg d’Kanner sin vun 14.30 Auer bis 17.30 Auer do. Wanns Du wëlls hëllefen da so mir w.e.g fir um 18.7 Bescheed. MERCI!!!
Samschdes den 8.August an Samschdes den 5. September ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lëngerstross. Wëll des Zeit fill Leit an d’Vakanz sin, si mir extrafill op DENG Hëllef ugewisen.  MERCI!!!  Fir all déi wou fort gin ENG SCHEIN VAKANZ!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top