Scoutsziedel bis den 4. Februar 2012

Fir Iech alleguer:
Mir spillen den 3. an 4. Februar

Theater

zu Péiteng am Home St. Hubert.

Et gët gespillt:

Wëllefcher: Scouten an enger anerer Dimensioun
AvEx: Lues, haart an däitlich!
CaraPio: Alt nees eng Mordgeschicht

D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Josy Théato: Gebees ass Tromp.

no images were found


Den Rido ass um 20°° (d’Kanner déi matspillen sollen um 19:30 am grousse Sall sin.) Den Preis ass 8 Euro fir déi Grouss (vun 17 Joer un) an 4 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis. Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet. Dir kennt är Plaatzen vun elo un beim Kim Staudt um 621197160 (no 17:00) reservéiren. P.S. Wann dir eis e bessen wëllt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wëllt gin, dann gidd ärem Kand et einfach mat an eng Versammlung. Villmols Merci am viraus!

Fir all d’Wëllefcher:
Mir hunn déi nächst 2 Samschdeger, den 7. an den 14. Januar all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi dir wësst spille mir geschwënn Theater. Hei sinn eis Prouwen. Mir prouwen all Kéier zu Péiteng am Home St.Hubert.
1) Méindes den 16.01 vun 17°°-18.30
2) Donneschdes den 19.01 vun 17°°-18.30
3) Samschdes den 21.01 vun 14°°-16°°
4) Méindes den 23.01 vun 17°°-18.30
5) Donneschdes den 26.01 vun 17°°-18.30
6) Samschdes den 28.01 vun 14°°-16°°
7) Méindes den 30.01 vun 17°°-18.30
8) Dënschdes den 31.01 vun 17°°-18.30
9) Donneschdes den 02.02 vun 17°°-18.30

Freides 3.2 a Samschdes 4.2 r.d.v um 19.30 am Home.
Fir op de Kalenner: Eise Summercamp ass dest Joer vum 21-28 Juli.

Fir all d’ AvEx:
Mir hun déi nächst 2 Samschdeger, den 7. an den 14. Januar all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Wéi dir wësst spille mir geschwënn Theater. Hei sinn eis Prouwen. Mir prouwen all Kéier zu Péiteng am Home St.Hubert.
1) Méindes den 09.01 vun 18.30-20°°
2) Donneschdes den 12.01  vun 18.30-20°°
3) Méindes den 16.01 vun 18.30-20°°
4) Donneschdes den 19.01  vun 18.30-20°°
5) Méindes den 30.01 vun 18.30-20°°
6) Mettwochs den 01.02 vun 17°°-18.30
7) Donneschdes den 02.02 vun 15.30-17°°
Freides 3.2 a Samschdes 4.2 r.d.v um 19.30 am Home.

Fir all d’CaraPio:
Mir hun déi nächst 2 Samschdeger, den 7. an den 14. Januar all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Den 14. Januar ass Pobeisrammlung. R.d.v um 8.30 op der Lengerstross zu Péiteng. Wéi dir wësst spille mir geschwënn Theater. Hei sinn eis Prouwen. Mir prouwen all Kéier zu Péiteng am Home St.Hubert.
1) Dënschdes den 17.01 vun 18.30-20°°
2) Freides den 20.01  vun 18.30-20°°
3) Dënschdes den 24.01 vun 18.30-20°°
4) Freides den 27.01 vun 18.30-20°°
5) Dënschdes den 31.01 vun 18.30-20°°
6) Mettwochs den 01.02 vun 18.30-20°°
7) Donneschdes den 02.02 vun 18.30-20°°
Den 3.a 4. Februar hëllefe mir beim oprichten. Wen kann, soll schon fir 18°° an den Home kommen.
De Wanterhike ass den 21. an 22. Januar ass Détailer kommen am nächsten Bréif.

Fir all d’RaRo:
Salut alleguer, déi 2 nächst Samschdeger, den 7. an den 14. Januar hu mir all Kéiers vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Den 14. Januar ass Pobeisrammlung. R.d.v um 8.30 op der Lengerstross zu Péiteng.

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:
E Samschdeg den 14. Januar ass Pobeiersammlung R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zou Péiteng op der Lengerstross elo schons e decke Merci fir DENG Hëllef!!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top