Scoutsziedel bis den 17. Oktober

Fir  iech alleguer
Desen Datum kennt Dir iech alt schons mierken: Den 22 an 23. Januar spillen déi Péitenger Guiden a Scouten Theater (wann alles esou geet wéi geplangt). Hei e klengen Opruff, un alleguer d’Madamen och d’Mammen vun eise Memberen: Mir sichen nach Fraen déi willten an eisem groussen Stëck matspillen. Dir hut teschend 20 an 99 Joer? Dir hut heindsdo owes Zeit (ongeféier 3 Mol an der Woch)? Dir sicht eng Erausfuederung? Dir kéint Iech firstellen op der Bühn ze stoen/ oder stungt schons emol drop? Ma dann zëckt net an rufft mir (Guy Zoller) um 691435358 un a mellt Iech un.

Fir de Fall wou d’Elteren froen un d’Chef hun

Hei fannt Dir d’ Telefonsnummeren vun den Responsablen Chef:
Wellefcher: Claude Poensgen 621294348 oder Lena Brosius  621765259
AvEx: Fredi Feller 621472510 oder Sven Duboutay 691703704
CaraPio: Lukas Viol 661620846 oder Yannick Lippert 691886622
RaRo: Lex Felten 23621024
Grupp: Guy Zoller 691435358
Fir all d’Wellefcher:
E Samschden den 17. Oktober ass et esou weit, da machen déi eelst vun eis d’Montee a gin bei d’AvEx. Winst deser besonnescher Gelegenheet dauert eis Versammlung bis 17°°. Et wär super wann dir ALLEGUER bei deser Feier derbei wärt.
Den 24. Oktober gin mir an de Kino!! Mir treffen eis an Uniform (wen eng huet) um 13.30 Auer zu Péiteng op der Gare, den Zuch fiert um 13.40 Auer. Owes si mir erem um 17.35 zu Péiteng op der Gare. Brengt Suen fir den Entreestiket mat.
Fir all d’ AvEx:
E Samschden den 17. Oktober ass et esou weit, da machen déi eelst vun eis d’Montee a gin bei d’CaraPio. Winst deser besonnescher Gelegenheet dauert eis Versammlung bis 17°°. Et wär super wann dir ALLEGUER bei deser Feier derbei wärt. Fir déi wou d’Montee machen:Dir  git mat den CaraPio op de W.E => liest och bei : CaraPio.
Den 24.10 hu mir vun 14°° -16°° Versammlung um Bierg.
Fir all CaraPio an déi AvEx wou d’Montée machen:
Samstag, 17.10.2009: Treffen um 14.00 Uhr beim Chalet.
Mitbringen: Wetterabhängige Kleidung, Bergschuhe, Schlafsack, Cerrymatt, Taschenlampe, Taschenmesser und was man noch für eine Übernachtung im Freien braucht; Zutaten für Pakalu und Spiele/Stationen wie besprochen.  Ende: Sonntag, 18.10.2009  12.00 Uhr beim Chalet.
Für Avex, die zu den CaraPio montieren: wie oben außer Pakalu und Spiele.
Samstag 24.10.2009:Versammlung von 14.00 – 16.00 Uhr, wie gewohnt.
Fir all d’RaRo an déi CaraPio wou d’Montée machen:
Salut,also, mer gin e Samschden den 17. Oktober  géint 17.00 op ee Weekend, do muss ee matthuelen:
Kleeder dem Wieder ugepasst, Schlofsak, Loft- oder aner Mattraz, Botzgeschier, wann een dat muss hun, Ravi a Gedrénks fir zwee Deeg, (respektiv fir Samschdes owes, Sonndes moies a mettes).Mer schlofen am Bësch, wéi dat sech fir Raro gehéiert. Mer si Sonndes géint 18.00 Auer erem zu Péiteng.De Weekend kascht näischt, ët brauch ee just e puer Sou fir Zuch a Bus,
respektiv eng Gratis- oder Jumbokaart.
Den 24.10 hu mir vun 16°° -18°° Versammlung um Bierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top