Scoutsziedel – Update virum Theater

E puer Informatioune fir déi jeweileg Branchen goufen bei de leschten Ziedel bäigesat, kuckt iech nach eemol d’Informatioune fir är Branche un. Nieft de Prouwen stinn dës Saachen un:

Fir d’AvEx
Mir hun déi nächst 2 Samschdeger, den 21. an den 28. Januar all Kéier vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.

Fir d’CaraPio
Wéi ugekennegt gi mir den  21. an 22. Januar op de Wanterhike hei déi läscht Détailer: R.d.v. an Uniform um 8.30 Auer beim aale Pompjeesbau. De W.E ass den 22.01 um 17°° zu Diddeleng beim Match Parking eriwer. Mir schlofen an enger Scheier brengt also eng Carry-Matte an ee gudde warme Schlofsaack mat. Dir braucht neischt fir z’iessen an ze drenken matzebrengen (just e Bidon mat Waaser fir ennerwee). Didd iech warm un a vergiesst är Mutz net! Brengt déi ausgefëllten Fiche médicale mat. De W.E kascht 20 Euro a gëtt op der Platz bezuelt. Mellt iech w.e.g beim Kim um 621197160 winst dem Transport fir dohinner.
Fiche méd_Péit_W.E
Den 28.1 hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Bierg.

Fir all d’RaRo
Déi 2 nächst Samschdeger, den 21. an den 28. Januar hu mir all Kéiers vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Déi wou wëllen, kënnen och bei de Pio um Wanterhike matgoen (liest w.e.g bei de Pio). Um Theater kemmere mir eis em daat hondrem liest w.e.g bei: Fir d’Mararbechter, d’Raro, d’CaraPio an d’Chef

Fir d’Mararbechter, d’Raro, d’CaraPio an d’Chef
Sonndes den 29.01 riichte mir d’Bühn fir den Theater op r.d.v um 20°° am Home. Den 3. a 4. Februar si mir vun 18°° Auer un am Home.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top