Informationsblad vun der Guilde

Invitation fir:

– eis Familjensortie vum Sonnden, den 9.Dezember

Fousstour vun 5.1 km op den Vesquenhaff bei Déifferdeng. Virum Fousstour gin mir op d’Rollenger Weiheren Hâm, Fritten an Zalot iessen. Netwanderer sin hei och wellkomm. Rdv. um 11.45 op der Maartplatz zu Péiteng. Umeldung fir d’Mettegiessen beim Martine um Tel. 50 32 71 oder GMS 621 41 40 40 bis spéidestens Denschdes, den 4. Dezember.

– eis Familjensortie vum Samschdeg, den 5. Januar 2013.

Fousstour vun 6,4 km op Suessem. Rdv. um 13.30 op der Maartplatz zu Péiteng

– eis Comitésversammlung vum Méinden, den 14. Januar 2013 um 20 Auer bei der Famill Scherer

Den 1. an 2. Dezember ass Niklosmaart beim Staadhaus zu Péiteng, wou d’Scouten wéi all Joer hir Adventskränz am Zelt verkaafen.

Mir wenschen Iech am viraus schéin Feierdeeg an alles Guddes fir 2013.

 

Rapport vun eisen leschten Aktivitéiten

– Um Guildendaag vun der FLGS Denschdes, den 18. September 2012 mat Visite vun den Atelieren zu Betzdorf an duerno Generalversammlung hun 7 vun eisen Memberen deel geholl.

– Um Grillfest den 29. September hun 38 Leit deel geholl, wat eis besonnech gefreet huet.

– Mir entschellegen eis dat d’Sortie vum 20. Oktober op Nittel ausgefall ass. Wou mir den Datum fest geluecht hun war den Daag vun der Prenzenhochzait eis nach net bekannt.

Aus dem Grond hun mir och beschloss all 2 Méint e Comité ofzehaalen.

– Op eis Visite vum Musée 3 Eechelen den 11. November waren 8 Leit mat.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top