Scoutsziedel fir den 8. a 15. Juni 2013

Fir all d’Biber:

Léif Biber,

déi 2 nächst Versammlungen, den 8. an de 15. Juni tauche mir an, d‘Märchewelt an. Macht iech Bereed op Zauberer, Abenbteur an Hexen. Mir gesin eis vun 14°°-16°° um Prenzebierg.

 

Fir all d’Wëllefcher:

Léif Wëllef,

déi zwee nächst Samschdeger den 8. an de 15. Juni hu mir wéi gewinnt vun 14°°-16°° Versammlung um Prenzebierg. Mir fänken eng nei Aktivitéit un, loost iech iwerraschen. Dir gidd éventuel e bessi naas, brengt emol léiwer en Handduch mat J.

 

Fir all d’ AvEx:

Leif AvEx,

e Samschden den 08.06 fänkt eis nei Entreprise “Robinson Crusoe” un. Dofir gi mir zesummen an d’PIKO (Schwemm zu Rodange). Mir treffen eis um 14°° Auer zu Péiteng virun der Gemeng an zreck sinn mer géint 17.45 Auer rem virun der Gemeng. D’Entrée fir an d’Schwemm gëtt vun de Suen dei iwreg vum WE sinn bezuelt. Mathuelen: eng Schwammbox, en Duch,Shampoo an e bessen Täschegeld. Wen eng Jumboskaart huet soll déi och mathuelen, falls de keng hues, da breng en Ticket oder Suen vir dohinner a rem zreck mam Bus ze fueren.

Samschdes, den 15.06 hu mer normal Versammlung vu 14°°-16°° Auer um Prënzebierg.

 

Fir all d’CaraPio:

Salut dir leif Caravellen an Pionéier,

d‘Vakanz ass lo eriwwer an soumadder ass endlech erem Versammlung.

Den 8. Juni: Moies ass Pobeiersammlung r.d.v um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Nomettes hu mir vu 14°°-16°° Versammlung um Bierg. Brengt aal Collanten an Tennisbäll oder sou ähnleches mat fier eis Boa.

Den 15. Juni ass keng Versammlung mee dofir réaliseieren mier Sonndes den 16.Juni eisen Filmprojet. ab 14°° Auer. Denkt do also un all Requisiten an waat alles sou gebraucht gëtt. Hei ass e Feeler ënnerlaf. D’Versammlung ass wéi gewinnt Samgdes vun 14-16 Auer.

Carapiosüden Tshirten gin bestallt, iwwerweist Suen also w.e.g. Numm,Viernum, Vermierk : Carapiosüden T-shirt . 15 Euro op den Konto :

LGS Grupp hl. Franz vun Assisi  BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

 

 

Fir all d’RaRo:

Allerléiwste RaRo,

mir hun den 8. an de 15. Juni vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg.

Den 8. Juni ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi emmer um 8.30 Auer op der Lengerstross.

 

Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’Guilde an d’Chef:

Den 8. Juni ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross. Elo schons en decke MERCI fir DENG Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top