Informatiounsblad vun der Guilde – Dez.2013

Samschdeg, den 4. Januar 2014 ass Pabeiersammlung Rendez-vous um 8.30 Auer op der Léngerstross.

Foto: Johannes Gilger
Foto: Johannes Gilger

Donneschden, den 9. Januar 2014 ass Keelenowend
Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

Samschdeg, den 25. Januar 2014 ass Sortie
Rendezvous um 10 Auer zu Rolleng beim Titus Terrain. De Fousstour ass ongeféier 6 km laang. Mëttegiessen ass um Rollenger Weier. Menü: Ham, Fritten an Zalot fir 15 Euro. Umeldung bis spéitstens e Méindeg, den 20. Januar beim Carlo Peiffer Tel: 50 21 03.

Samschdeg, den 1. Februar 2014 ass Pabeiersammlung

Rendez-vous um 8.30 Auer op der Léngerstross.

Donneschden, den 6. Februar 2014 ass Keelenowend

Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

Freides, den 7. an Samschdeg, den 8. Februar 2014 ass Scoutstheater

D’Guilde këmmert sech ëm d’Tombola. Wann dir eis eppes fir an d’Tombola spenden wëllt, kenn dir iech beim Martine Schlottert mëllen.(Tel.: 50 32 71 GSM.: 621 414 040). Et kënnt een et dann bei iech ofhuelen.

Donneschden, den 13. Februar 2014 ass Uucht

Mir treffen eis um 20 Auer um Prënzebierg am Chalet. Thema: Eise Member Emil Angel (Auteur vun eiser Brochure fir den 60. Anniversaire) liest aus sengen Wierker.

Samschdeg, den 22. Februar 2014 ass Sortie

Mir fueren mam Zuch op Kruuchten oder op Kolmer/Bierg. Depart um 13.14 Auer zu Péiteng op der Gare, bzw. um 13.38 Auer zu Lëtzebuerg op der Gare. Déi gutt Marcheuren ginn vun Kolmer/Bierg op Miersch (10,9 km). Deen méi gemittlechen Tour fir déi aner geet vun Kruuchten op Miersch (6,1km). Réckfaart ass mam Zuch vu Miersch aus.

Samschdeg, den 1. Mäerz 2014 ass Pabeiersammlung

Rendez-vous um 8.30 Auer op der Léngerstross.

 Samschdeg, den 1. Mäerz 2014 ass Uucht

Mir treffen eis um 20 Auer um Prënzebierg am Chalet. Thema: Projet Odyssée (2. Deel). Eis Memberen vum Grupp presentéieren hier Erliefnesser aus aneren Länner vun dessem Projet.

Samschdeg, den 8. Mäerz 2014 gëtt d’Buerg gebrannt

All Hëllef ass wëllkomm.

 Nächste Comité : Méindes, den 24. Februar 2014

um 20 Auer am Home

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top