Scoutsziedel bis den 22. Februar

Fir Iech alleguer:

Theater 2014

Wéi Dir allerguer wesst, spille mir den 7. an 8.Februar Theater zou Péiteng am Home St.Hubert.

Et gët gespillt:

Biber:Eng Léiwejuegt          Wëllefcher:Oh neen, esou net!

AvEx: De Gromperesak      CaraPio: Monster Scout A.G

D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Robert Clees:

D’Tata Liss vu Vallauris

Den Rido ass um 19:30 (d’Kanner déi matspillen sollen um 19°°Auer am grousse Sall sin.)
Den Preis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis.
Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.
Dir kennt Är Plaatzen vun elo un,  um 621688422 (Michels) no 17°° Auer reservéiren.

P.S Wann dir eis e bessen wellt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wellt gin, dann gidd Ärem Kand et einfach bis Donneschdes mat an eng Prouf. Villmols Merci am viraus!

Fir all d’Biber:

Salut Theaterspiller! Mir treffen eis all Kéier am groussen Sall vum Home St. Hubert zu Péiteng. Et ass wichteg dass Dir an all Prouf sidd! Hei eis Prouwen:
Mëttwochs de 22.01 vun 17.30-18.30
Freides den 24.01 vun 18°°-19°°
Mettwochs den 29.01 vun 17.30-18.30
Freides den 31.01 vun 18°°-19°°
Mettwochs den 5.02 vun 17.30-18.30
Freides de 7.02 a Samschdes den 8.02 da gëtt et eescht sidd fir 19°° am Home.

Samschdes den 25.01 an den 1.02 hu mir all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Bierg, mir fueren mat eisem Geheimagententraining weider. De 15 a 22 Februar ass KENG Versammlung.

Fir all d’Wellefcher:

Salut Theaterspiller. Et dauert net méi lang, da sti mir op der Bühn. Mir treffen eis all Kéier vun 18.30-20°°Auer am groussen Sall vum Home St. Hubert zou Péiteng. Et ass wichteg dass Dir an all Prouf sidd!!

Hei eis Prouwen:
Mëttwochs de 22.01
Méindes de 27.01
Mëttwochs den 29.01
Méindes den 3.02
Mettwochs den 5.02
Freides de 7.02 a Samschdes den 8.02 da gëtt et eescht sidd fir 19°° am Home.

Samschdes den 25.01 an den 1.02 hu mir all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Bierg. De 15. a 22. Februar ass winst der Vakanz KENG Versammlung.

Fir all d’AvEx:

Léif Gromperefrënn. Ganz geschwënn geseit ganz Péiteng waat mir eis ausgeduecht hun. Mir treffen eis all Kéier vu 17°°-18.30 Auer am groussen Sall vum Home St. Hubert zu Péiteng. Et ass wichteg dass Dir an all Prouf sidd! Hei eis Prouwen:
Méindes de 27.01
Denschdes den 28.01
Donneschdes den 30.01
Méindes de 3.0
Dënschdes den 4.02
Donneschdes den 6.02
Freides de 7.02 a Samschdes den 8.02 da gëtt et eescht sidd fir 19°° am Home.

Samschdes den 25.01 an den 1.02 hu mir all Kéier vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Bierg. De 15 a 22 Februar ass winst der Vakanz KENG Versammlung.

Fir all CaraPio:

Salut alleguer. Elo gët et Eescht, ganz geschwënn kennt dir weisen, waat dir esou drop hut. Mir treffen eis all Denschden an all Donneschden  vun 18.30-20°° Auer am groussen Sall vum Home St. Hubert zu Péiteng. Déi zwee Owender vum Theater wir et séier léif wann dir beim op an ofriichte gingt Hëllefen.

Samschdes den 25.01 ass vun 14°°-16°° Auer Versammlung um Bierg. Den 1.02 ass Moies Pobeiersammlung r.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.

Nomettes gi mir op de Buggy Rally (nëmme fir déi wou sech ugemellt hun). An der Fuesvakanz gi mir Fäsche fir d’Buergbrenne machen => Infoen demnächst op www.lgspeiteng.com

Fir all d’RaRo:

Samschdes den 25.01 an den 1.02 hu mir all Kéier vun 16°°-18°° Auer Versammlung um Bierg.

Den 1.02 ass Pobeiersammlung r.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss.

Um Theater riichten mir de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrenks, sou  ewéi em d’ofriichten. R.dv vu 17°° un am Home. An der Fuesvakanz gi mir Fäsche fir d’Buergbrenne machen => Infoen demnächst op www.lgspeiteng.com

Fir all d’Chef:

E Mëttwoch, den 22. Januar ass Grupperot um 20°° beim Guy doheem.

Fir all d’Matarbecher, d’RaRo, d’CaraPio, d’Guilde an d’Chef:

Den 1.02 ass Pobeiersammlung r.d.v wéi ëmmer um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Der Guilde een decke Merci wëll sie dest Joer d’Tombola organiséiert.

An der Fuesvakanz gi mir Fäsche fir d’Buergbrenne machen => Infoen demnächst op www.lgspeiteng.com

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top