Technesch Detailer

Mir sin wéi gesot op WordPress MU gewiesselt. Fir déi wou un den techneschen Detailer interesséiert sin, erklären ech en bëssen wat elo alles um Site benotzt get (dann gesidd der och firwat ech esou lang fir d’Updates brauch). Den Theme, deen d’Ausgesin vum Site bestëmmt, as den Connections Reloaded 1.5 deen ech en bëssen verännert hun. Riets an deer Kolonn sin verschidden sougenannt Widgets, zB den WP Admin Bar Reloaded deen et méi einfach mecht fir eppes an d’Logbicher ze schreiwen wann een ageloggt as, den KB Countdown Widget deen am Moment weist wéi laang ech schon um Logbuch schaffen, an et wäerten der dann nach e puer dobäi kommen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top