guilde logo

Informatiounsblad vun der Guilde vum Mee 2014

Samschdeg, den 3. Mee 2014 ass Pabeiersammlung

Wëll vill Leit verhënnert sinn ass wierklech all Hëllef wëllkomm. Avis aux amateurs !!!!!!!!!

Samschdeg, den 17. Mee 2014 ass Generalversammlung

Rendezvous: 19.00 Auer am Chalet um Bierg. Nom traditionellen Programm gemittlecht Zesummesinn bei engem Patt an enger klenger Agape.

Méindeg, den 26. Mee 2014 ass Comité um 20.00 Auer am Home

Donneschdes, den 29. Mee 2014 ass eng Sortie op Bilschdref op d’Guidenkiermes

Mir treffen eis zu Bilschdref. Um 10.30 Auer ass Mass. Mëttegiessen mat dem Menu: Prince Orloff fir 18 Euro. Umeldung bis spéitstens Dënschdeg den 20. Mee beim Martine Schlottert (Tel.: 50 3271 oder GSM: 621 414 040). Fir eppes vum Grill brauch een sech net unzemellen.
Nom Iessen Fousstour vun Arsdorf op Koetschette (ongef. 5 km). Guide: Scherer Georges

Donneschdeg, den 4. Juni ass Keelenowend

Rendezvous: 20.00 Auer am Café Müller zu Lampech (25, rue Centrale)

Samschdeg, den 7. Juni 2014 ass Pabeiersammlung

Rendezvous um 8.30 Auer op der Léngerstross

Samschdeg, den 5. Juli 2014 ass Pabeiersammlung

Rendezvous um 8.30 Auer op der Léngerstross

Sonndeg, den 6. Juli 2014 ass Sortie an de Bambesch

Mir treffen eis um 13.30 Auer op der Maartplaz zu Péiteng oder um 14.00 Auer am Bambësch beim Fräiheetsbam op der Strooss: Stroossen-Briddel. Mir ginn de Tour „Eil“ (gekierzt) vun ongeféier 6 km. Guide: Scherer Georges

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top