Scoutsziedel bis de 17.05.2014

Fir all d’Biber:  Léiw Biber, mir hun déi zwee nächst Samschdeger den 10. an den 17. Mee all Kéier vu 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Des Versammlungen stinn ënnert dem Thema Experimenter. Kommt an erliewt mat eis lauter interessant Saachen.

Fir all d’Wëllefcher: Den nächsten Samschdeg, den 10. Mee ass wéi gewinnt Versammlung um Bierg vun 14°°-16°°. Didd am beschten eng laang Box un, daat ass besser, fir wann är Been mol gingen duerch eng pickeg Häck goen.
Den 17.Mee ass keng Versammlung, mir gin Sonndes den 18ten Mee ob den nationalen Wëllefchersrallye op de Senningerbierg. Mir treffen eis dofir moies an Uniform (fir déi wou eng hun) um 7h35 ob der Péitenger Gare an fueren vun do aus mam Bus fort. Mir sin owes um 17h55 erem zreck. Mathuelen misst dir e klengen Rucksack mat Picknic fir ganzen Daach, Bidon Gedrénks, een oder zwee Bic’er oder Stefter fir z schreiwen, fuerweg wär gudd,10 Euro fir de Rally an 5 Euro Täschegeld.
Een Badge fir den Rallye gëtt et natierlech och. Ëm wat geet den Rallye? Phahaha – mir wëssen et an soen awer näischt.

Fir all d’ AvEx: Leif AvEx, den 10.05 an den 17.05 hu mir normal Versammlung vun 14°°-16°° um Prënzebierg.

Camp-INFO: Fir dass um nationalen Camp alles klappt, brauch de Fredi e puer Infoen vun all denen déi matginn, an zwar : T-Shirt Gréisst an Iessgewunnecht (wann op der eppes allergesch oder Vegetarier sidd). Dofir sot dem Fredi bis den 10. Mee  um 621 47 25 10 per SMS Bescheed, no 18°° Auer kennt dir him och gären uruffen.

Fir all d’CaraPio:  Samgdes den 10. Mee ass normal Versammlung vu 14-16 Auer. Well d’lescht Kéier d’Wieder matgemaach huet a mir konnte Bësch-Volleyball spillen, maache mer dës Kéier eis Feierstarter. Bréngt Käerze fir ze schmëlzen a Fisemen aus dem Trockner mat.

D’Woch drop, vum 16-18. Mee ass Iron Scout, fir déi wou sech scho beim Kim ugemellt hunn.Iron Scout

-Bis dohinn kënnt der Sponsore sichen déi iech bei ärem Marsch ënnerstëtzen. D’Sue ginn integral un d’Fondation Thierry van Werveke (www.fondationtvw.lu). D’Blat dofir krut der an der Versammlung. Zousätzlech Kopien kritt der op http://lgs.lu/node/2262.

-Denkt ënnert anerem un: Carrymatt, Schlofsak, Gamelle (mat Besteck an Becher), Rucksak, Täschelut, gutt Schung fir ze trëppelen, 30€ fir den WE, déi ausgefëllten Fiche médicale, Jumboskaart / Ticket, klenge Picknick fir Freides Owes. D’Fiche médicale fannt dir HEI => http://lgspeiteng.lu/1632

-R.d.v an Uniform, e Freideg de 16. Mee um 17:30 Auer zu Péiteng op der Gare. Di 3 Deeg si mer zu Klierf am Chalet. Retour zu Péiteng op der Gare ass Sonndes um 12:14 oder 13:14, jee nodeem wéi een Zuch mer kréien.

Fir all d’RaRo: Den 10.05 an den 17.05 hu mir normal Versammlung vun 16°°-18°° um Prënzebierg. Et ass wichteg dass DU do bass! Et gett eng Decisioun iwert eise Camp geholl, ënnert anerem gëtt dann e bëssi un der Hütt weider geschafft , etc.

Ween alles mat op den Iron Scout well goen soll sech lo nach umellen . Infoen –> Liest bei Carapio

Fir op de Kalenner:Den 28. Mee ass den RaRotreff zu Duelem (Dalheim) .

Neies vun der Guilde:  Samschdeg, den 17. Mee  ass Generalversammlung. Rendez-vous: 19.00 Auer am Chalet um Bierg. Nom traditionellen Programm gemittlecht Zesummesinn bei engem Patt an enger klenger Agape.

Fir all d’Chef:  Fir op de Kalenner: De nächste Grupperot ass de 27. Mee um 20°° um Bierg.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top