2015: D’Joer ouni Nutella?

Mir hunn mat vill Effort d’Nutella Monster op eisem Montée Weekend leschten Hierscht agefaangen, an awer mussen d’Amateure vum Nutella (an ech mengen deeër sinn der vill ënner iech) d’nächst Joer vläit op d’Zänn bäissen:

Am Fréjoer huet et an der Türkei, wou 70% vun den Hieselnëss op der Welt hier kommen, eemol fatzeg gefruer a si konnten ee Véirel vun den Nëss net méi gebrauchen. Dobäi kënnt dass Nutella 25% vun allen Hieselnëss op der Welt opbraucht! (Dir sidd einfach verfroossen 🙂 ) Ferrero produzéiert nämlech all Joer 180 Millioune Kilo Nutella.

[via gizmodo]

Nutella Monster
Nutella Monster

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top