Naass Bicher afréieren

Foto: Gilles Glod
Den Gruef deen der rondrëm d’Zelt gezunn hudd war net déif genuch, an de Reen huet den Wee bis era fonnt, oder den Rucksak deen s de mat op den Hike haas war awer net grad esou waasserdicht wéi se am Butték soten – an elo as däin AvEx Pass oder däin Querweltein plätschnaass an d’Säiten peschen uneneen. Kee Problem! Wanns de nees doheem bas, stiech dat naasst Buch an eng Plastikstut ouni ze komplett zou ze maachen. Duerch d’Gefréierprozedur get d’Fiichtegkeet aus dem Pabeier gezunn. Et schéngt fir Bicher am beschten ze klappen wann een se den héige Wee an d’Killtruh stellt. Dat ganzt kann bis zu zwou Wochen daueren, je nodeems wéi déck d’Buch as.
Ech froe mech just ob deen Trick och nach klappt wann d’Buch schon gedrëchent as, oder op d’Säiten dann op éiweg unenee pesche wärten. Vläit hu mer jo e puer Lieseraaten déi dat scho mol probéiert hun a bescheed soe kënnen.
[via Lifehacker]

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top