Scoutsziedel bis den 24. Abrëll 2010

Foto: Olivier Kerschen

Fir all d’Wëllefcher:
Léif Wëllef mir hun nächste Weekend (17. bis den 18. Abrëll) e W.E. zu Miersch.
Départ: Samschdes den 17. Abrëll. Mir treffen eis um 15:00 zu Péiteng op der Gare, den Zuch fiert um 15:10 Auer. Tenue: Uniform (wen eng huet) an de Foulard.
Mathuelen: Schlofsak, Täscheluucht, Pyjama, Wäschtrousse, Handduch, Gezei fir all Wieder, déck Schung, Schlappen, Mutz, Täschemesser, Ennerwäsch, Uebst a Gedrénks fir am Zuch, Pistebichelchen, 2 Kichendicher, e klengen Kuerf, ausgefëllten Fiche Médicale. Verpackt alles an engem Rucksaack. Dir musst vun der Gare bis bei de Chalet kommen. Net mathuelen: Täschegeld, Séissegkeeten, Wertsachen, Handy, Gameboy… Präis: 25€ (Gitt d’Suen mat der Fiche médicale beim Départ of.) Sonndes si mir erëm um 17.50 Auer zu Péiteng op der Gare.
Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens e Mëttwoch beim Claude un (am einfachsten ass et wann dir him eng SMS schéckt; hei ass seng Nummer: 621294348.
Samschdes den 24. Abrëll hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’ AvEx:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 17. an de 24. Abrëll vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Fir all CaraPio:
Samschdes den 17. Abrëll hu mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Bierg.
Den 17. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss. Dir wesst jo…
Freides den 23. Abrëll hu mir vun 19:00-21:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’RaRo:
Mir hun déi 2 nächst Samschdeger den 17. an de 24. Abrëll vun 16:00-18:00 Versammlung um Bierg.
Fir all d’Chef:
Fir op de Kalenner: vum 19. bis den 20. Juni hu mir Chefweekend. Haalt iech desen Datum alt fräi.
Fir all d’Matarbechter, Chef, RaRo an CaraPio:
Nächste Samschdeg, den 17. Abrëll ass Pobeiersammlung. R.d.v ass um 8:30 Auer zu Péiteng op der Léngerstrooss, elo schons en décke Merci fir all Hëllef!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top