Scoutsziedel vum 24.01.2009 bis den 7.02 2009

Fir Iech alleguer:
Mir spillen den 6. an 7.Februar Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.
Et ging eis ganz besonnesch fréen wann dir eis zu ganz fill kucke kéimt!!!
Et gët gespillt:
Wëllefcher: De Proufsall ………
AvEx: Den Larry Stotter an de Steen vun de Mëllen
CaraPio: Camp Chaos
D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter vum Etienne Clement:
Eng Laus um Schleifsteen
Den Rido ass um 20°° (d’Kanner déi matspillen sollen um 19.30 am grousse Sall sin.)
Den Preis ass 8 Euro fir Erwuessener an 4 Euro fir d’Kanner bis 15 Joer. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis.
Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.
Dir kennt Är Plaatzen vun ELO un, um 691435358 (Zoller)reservéiren.
P.S Wann dir eis e besse wellt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wellt gin, dann gidd Ärem Kand et einfach bis den 5. Februar mat an eng Prouf. Villmols Merci am viraus!
Fir all d’Wellefcher:
Salut Theaterspiller,
Et dauert net méi lang, da sti mir op der Bühn. Eis nächst Versammlungen dréinen sech ganz em den Theater. Déi 2 nächst Samschdeger den 24. an den 31. Januar hun mir vun 14°° bis 16°° Versammlung um Bierg. Dënschdes den 3. Februar an Donneschdes den 5. Februar prouwe mir vun 16°° Auer bis 17.30 Auer am grousse Sall vum Home St. Hubert zu Péiteng.
Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!!
Fir all d’AvEx:
Léif AvEx. Déi 2 nächst Samschdeger den 24. an den 31. Januar hun mir vun 14°° bis 16°° Versammlung um Bierg, bis dohinner musse mir den Dekor fir eist’Stëck färdeg hun. Wann dir nächste Samschden net kennt kommen an awer wëllt matspillen, da sot dem Guy um 691435358 bescheed, wëll do gin d’Rolle verdeelt. Dënschdes den 3. Februar an Donneschdes den 5. Februar prouwe mir vun 17.30 Auer bis 19°° Auer am grousse Sall vum Home St. Hubert zu Péiteng. Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!!
Fir all CaraPio:
Salut alleguer,elo gët et Eescht, ganz geschwënn kennt dir weisen, waat dir esou drop hut. Déi 2 nächst Samschdeger den 24. an den 31. Januar hun mir vun 14°° bis 16°° Versammlung um Bierg. Méindes den 2. Februar an Mettwochs den 4. Februar prouwe mir vun 18.30 Auer bis 20°° Auer am grousse Sall vum Home St. Hubert zu Péiteng. Et ass wichteg dass dir an all Prouf sidd!! E Samschden den 24.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Mir zielen op iech!!!
Fir all d’RaRo:
E Freideg den 23 Januar si mir deck am Asatz fir eise Baal. Och fir den Theater gin mir gebraucht: Nei Kulisse bauen an beim Theater suerge mir duefir dass alles waat net Theaterspillen ass, klappt. E Samschden den 24.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Mir zielen op iech!!!
Fir all d’Matarbechterd’RaRo, d’CaraPio an d’Cheféquipe
E Samschden den 24.Januar ass Pobeiersammlung. R.d.v um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstroos. Elo schons en dëcke Merci!
Fir op de Kalenner hei sin déi provisoresch Datumer fir d’Pobeiersammlungen 2009:
14. Februar/ 21. März/ 25.Abrëll/ 16.Mee/ 13.Juni/ 11.Juli/ 8.August/ 12.September/ 10.Oktober/14.November/ 12.Dezember

Scroll to Top