Programm vun der Guilde: Januar - Februar 2016

 


Sam. 9.1.:  Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Don. 21.1.:  Keelenowend

Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech

Sam. 23.1.:  Sortie: Vum Sennengerbierg op de Kierchbierg.

Départ: Péiteng-Gare um 10:47h mam Zuch an d’Stad, da mam Bus 29 um 11:27h op de Sennengerbierg.

Mëttegiessen am Restaurant Poiré.

Duerno: gemittlecher Fousstour iwwer de Kiem op de Kierchbierg (5 km)

Visite vun der Tramsmaquette.

Retour mam Bus op d’Gare a mam Zuch op Péiteng.

Umeldung bis Mëttwochs, 20.1. um Tel: 43 46 49 (Scherer)

Sam. 6.2.:  Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Sam. 13.2.:  Buergbrennen [Org. Grupp]

Jiddereen ass häerzlech invitéiert um Buergbrennen deelzehuelen. De Fakelzuch geet um 18:30h ënnen am Wee (rue Belle-Vue) fort an d’Buerg gëtt géint 19:00h ugefaang. Géint Honger an Duuscht ass gesuergt, de Grill steet schons prett. D’Mataarbecht vun der Guilde beim Opriichten an Ofbrenne vun der Buerg gëtt, sou wéi all Joer, staark begréisst.

Mon. 15.02.:  Comité um 20:00h am Home

Don. 18.02.:  Uucht: „E Péitenger zu Esch/Sauer“ um 20:00h zu Péiteng am Home

Eise Member Guy Hansen, 6 Joer laang Buergermeeschter zu Esch/Sauer, erzielt: „1.200 Joer Esch/Sauer“


De Comité wënscht all Membre vun der Guilde e glécklecht neit Joer bei gudder Gesondheet !


Sam. 20.02.:  Sortie
op Kéinzeg

Mam Bus 334 vu Péiteng/Gare, dep. 10:45h, op Féngeg/Dillesbierg, arr. 10:58h.
Fousstour a Richtung „Geessenhaischen“, dann iwwer d’Vëlospist PC 12 op Kéinzeg = 3 km.
Mëttegiessen am Restaurant „Rugantino“, 1, rue de Bascharage, Kéinzeg: „à la carte“
Retour entweder – mam Trëppeltour iwwer de Kierchepad op Péiteng = 6 km  oder – mam Bus 334, dep. 14:21h oder 15:21h op Péiteng.
Umeldung bis den 16.02. beim Martine, Tel: 53 32 71 oder GSM : 621 414 0470 oder Mail: jschlott@pt.lu


Don. 25.2.:  Keelenowend

Uspill um 20:00h am Café Müller zu Lampech

Fir an den Agenda

Pabeiersammlungen: 12.03.;  9.04.;  7.05.;

Keelenowenter: 16.03.;  21.04.;

Scoutstheater:  4./5.03.;

De Comité wënscht all Membre vun der Guilde e glécklecht neit Joer bei gudder Gesondheet !

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top