Scoutsziedel bis den 13.Februar

 Invitatioun:

Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien …… op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen. Mir brennen d’Buerg, e Samschdeg den 13. Februar. Den Faakelzuch geet um 18.30 Auer ennen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19°° ugefaang.

Jidfereen wou beim Oprichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen, de Grill steet schons prett.

Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu SAMEDI le 13 février. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui a comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet

Fir op de Kalenner:

De 4. an de 5. März spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Den Rido ass um 19:30, fir unzefänke spillt all Branche e kuerzt Steck, d’Cheféquipe spillt ENG KUR ZU MONDORF, e leschtegen drei-Akter vum Etienne Clement.

Den Preis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis.

Resevéiert hinnen awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaatzen vun elo un,  um 621197160 (Kim Staudt) reservéiren.

Fir all d’Biber:

Léif Biber, den 23. an den 30. Januar gesi mier eis wéi ëmmer vun 14:00-16:00 um Prenzebierg. Den 6 Februar ass keng Versammlung winst der Vakanz. Samschdes den 13.Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun).

Wéi dir wesst spille mir geschwenn Theater, hei eis Prouwen: 2/9/11/16/18/23 Februar an den 1/3 März ëmmer vun 16:00-17:30 am Home St.Hubert. DES PROUWENZEITEN SI RICHTEG vergiesst déi aner Mailen…..

Fir op de Kalenner: Mer gin den 19/20 März op de Weekend an de Chalet zu Miersch. Den Camp an der Summervakanz ass zu Suessem vum 15ten bis den 18ten Juli. Streicht iech den Datum um Kalenner schons mol giel un 🙂 an soot dem Annika (661 121 393) bescheed wann ärt Kand matgeet. Merci !

 

Fir all d’Wellefcher:

Endlech as et esou weit, dobaussen fällt Schnéi. Falls desen Samschden oder deen nächsten ëmmer nach vill Schnéi leit kennt dir natierlech gären ären Schlitt mat an d’Versammlung brengen. Op alle Fall gesi mir eis den 23. an den 30. Januar wèi ëmmer vun 14:00-16:00 um Prenzebierg. Den 6 Februar ass keng Versammlung winst der Vakanz. Samschdes den 13.Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun). En plus steht den Theater virun der Dir, mir wären frou wann dir desen Samschden kèint bescheed soen ob dir matspille wellt. Mir hoffen jo mol dass dir Loscht hudd. J Dofir schaffe mir an den nächsten Versammlungen och schon e bessen un den Kulissen an Kostümer dèi mir brauchen wärten. Waat maan mir soss nach?! Loost Iech iwerraschen. Prouwen fir den Theater hun mir den ganzen Februar laang Mettwochs an Freides vun 18h00 bis 19h30 ausser an der Vakanz. Datumer: 03. Feb, 05. Feb, 17. Feb, 19. Feb, 24. Feb, 26. Feb an MEINDES 29. Feb vun 19h00 bis 20h00 an 02. März vun 18h00 bis 19h30. Déi zwee läscht Datumer as Generalprouw mat den Kleeder.

 

Fir all d’AvEx:

Samschdes, den 23.01 hunn mer Versammlung vun 14:00-17:00, wou mer eisen Ofschloss feieren vun der Kach-Expeditioun, an zwar machen mer Pizza um Feier.

Samschdes den 30.01 hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00, do fänken mer un um eisem Theatersteck ze schaffen. Eis Prouwen sinn Meindes den 1.02 / 15.02 / 22.02 / 29.02 emmer vun 17:30-19:00. Eis Generalprouf ass Mettwochs, den 2.03 vun 16:30-17:50.

Den 6 Februar ass keng Versammlung winst der Vakanz. Samschdes den 13.Februar hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei: Invitatioun).

 

Fir all d’CaraPio:

 Theater: Mir hunn déi nächst 2 Samgdeger den 23. an 30. Januar Versammlung vu 14°°-16°° um  Prënzebierg. Mir finaliséieren eist Theaterstéck a fänken un mat Prouwen. De 6. Februar ass Vakanz an dofir keng Versammlung. Mir sin de 6.02 awer bei der Pabeiersammlung mat derbei r.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Eis Theaterprouwen sinn ëmmer Dënschdes an Donnegdes vu 17:30 – 19:15 op folgenden Deeg: 16.2., 18.2., 23.2., 25.2., 1.3., an 3.3. all kéiers am Home.

Buergbrennen: Den 13. Februar ass Buergbrennen a mir hëllefe bei de Virbereedungen. Kuck dofir bei “Fir all d’Matbaarbechter…”

Et stinn 3 National Aktivitéiten op eisem Kalenner.

1.4. – 3.4. Visite vu Struthof. Mir besichen d’Konzentratiounslager vu Struthof. Mir kréien eng Visite Guidée. Kuckt och op http://www.struthof.fr . Den Dag dono besiche mer Stroossbuerg. Dat hei ass eng Aktivitéit vun de CaraPio Süden. Mir fuere mam Bus dohinn an iwwernuechten an engem Chalet zu Stroossbuerg. De maximale Präis ass 85€. Do ass och e personaliséierte “CaraPio Süden” T-Shirt mat drann. Mir waarden op d’Bestätegung vun engem Subside dee mer fir de Weekend ugefrot hunn deen de Präis nach kann no ënnen drécken. D’Plaze fir mat ze goe sinn limitéiert, dofir: Mellt iech u mat engem Accompte vu 40€ op eise Konto* mat der Remarque “Accompte Struthof + Numm vum CaraPio” bis spéitstens den 28. Januar.

24.4. JoCaPi. Den Umeldungsdélai ass eriwwer. Detailer iwwer Auerzäiten an Transport kommen no.

27.5.-29.5. Iron Scout. Mir wandere wéi all Joer bannent 24 Stonne fir e gudden Zweck bis zu 65km, dës Kéier duerch de Süde vu Lëtzebuerg. D’lescht Joer si mer all zesummen 537km ronderëm de Stauséi gangen an är Sponsoren hunn 6167.25€ gestëft fir imPuls. Doduerch konnte si scho mat ±10 Jugendlecher klamme goen, waat sou Werter wei Vertrauen, Zesummenhalt an sech ob anerer kenne verloossen stäerkt. Eisen Don gëtt fir déi Aktiviteit an ähnlech Projeten (Abenteuer-Pedagogik) benotzt. Dëst ass eng CaraPio Süden Aktivitéit. Mir schlofen an engem Chalet, héchstwarscheinlech zu Käl. De Präis fir bei dësem Weekend mat ze maachen ass 30€. Mellt iech u mat engem Virement vun 30€ op eise Konto* mat der Remarque “Iron Scout + Numm vum CaraPio” bis spéitstens den 28. Januar.

*Eise Konto: LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

Summercamp: Mir sinn eréischt um Ufank vum plange fir de Camp deen dir iech eraus gesicht hudd. Fir de Moment ass firgesinn fir ab dem 17. Juli eng gutt Woch am Süde vu Schweden op de Camp ze goen. Wa mer méi Détailer zesummen décidéiere schreiwe mer se op déi nächst Ziedelen a mir organiséieren en Elterenowend fir op all Froen ze äntweren.

Fir all d’RaRo:

Salut dier lèif RaRo, mir hun den 30.1 vu 16°°-18°° Versammlung um Bierg.

Winst der Pobeiersammlung an dem Buergbrennen liest onbedingt bei: Fir all d’Matarbecher,d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef!

Fir all d’Matarbecher, d’Guilde, d’RaRo, d’CaraPio  an d’Chef:

Samschdes den 30.Januar gi mier op den Haff Fäsche machen. R.d.v ass um 9°° zu Péiteng beim aale Pompjeesbau.

Samschdes de 6.02 ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Hoffentlech kenns DU eis hëllefen! Elo schons en dëcke MERCI!

 Samschdes den 13.Februar richte mir d’Buerg op. Mir treffen eis um 9°° Auer um Bierg. Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gëtt weider geschafft bis d’Buerg steet.

 

Fir all d’Chef:

De Grupperot ass en Denschdeg den 16.Februar  um 20°° beim Guy.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top