Infoziedel Theater 2017

Fir Iech alleguer :

Scoutstheater

Wéi Dir allerguer wesst, spille mir den 17. an de 18.März Theater zu Péiteng am Home St.Hubert.

Et gett gespillt :

*Biber: Scoutimus verschwundibus *

*Wëllefcher: De Gravito*

*AvEx: Schneewittchen an déi 7 Zwergen*

*CaraPio: Eng technesch Affär*

D’Cheféquipe an Matarbechter spillen e lëschtegen 3 Akter:

Männertabu

Den Rido ass um 19:30 (d’Kanner déi matspillen sollen um 19°°Auer am grousse Sall sin.) Den Preis ass 10 Euro fir Erwuessener an 5 Euro fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspillen mussen natirlech neischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sin och gratis. Resevéiert hinnen  awer eng Platz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaatzen,  elo um 691 911 806 (Vanessa Sauerwein) no 18 Auer reservéiren.

P.S Wann dir eis e bessen wellt ennerstetzen an eis eppes fir an d’Tombola wellt gin, dann gidd Ärem Kand et einfach bis Donneschdes virum Theater mat an eng Prouf. Villmols Merci am viraus! Der Guilde een decke Merci wëll sie d’Tombola organiséiert.

Fir d’Biber :

Den Samsden 11. Mäerz hun mier normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prenzenbierg.  Ais läscht Prouwen sin den 7.03 , 9.03, 14.03 ,16.03 vun 16:00 bis 17:00 Auer am Home St Hubert.

Fier d’Wellef :

Den  Samsden 11. Mäerz hun mer wéi gewinnt vun 14h00 bis 16h00 Versammlung um Prënzenbierg. Eis läscht Prouwen fier den Theater sin den 8. 03 an den 10. 03 vun 18h00 bis 19h30 an Home, an Generalprouwen mat Verkleedungen sinn den 13. 03 vun 19h00 bis 20h00 an Mëttwochs den 15.03 vun 18h00 bis 19h30.

Fier d’Avex :

Salut AvEx, den 11. Mäerz hun mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prenzebierg. Eis läscht Prouwen fier den Theater: den 6.03, 13.03 emmer vun 17:30h bis 19:00 am Home.

Fier d’Carapio :

Den 11. Mäerz hun mier normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Den 11. Mäerz ass och Pabeiersammlung. Kuckt bei „Fier d’CaraPio, RaRo,… “ . Déi läscht  Pouwen bis den Theater sin den 7.03 , 9.03, 14.03 an Generalprouw den 16. März vun 17:00-18:45. Den 17 an 18 Mäerz as dann Theater. Kuckt bei „Fier d’CaraPio, RaRo,…“.

Fier d’RaRo : 

Den 11. Mäerz ass Pabeiersammlung moies, ausnahmsweis hun mer trotzdem mettes no 16:00 Versammlung fier d’Plaaz vun der Buerg ze botzen, also brengt Schaffhändchen mat. Den 17. an den 18. Mäerz as dann Theater kukt dofir och bei „Fier d’CaraPio, RaRo, …“ .

Fier d’Albatrossen:

Mier treffen eis den Freiden 10. Mäerz um 19h am Home fier eis „Vakanzenfoire“. Die Leit wou net kennen do sin sollen dem Gilles hir Preparatiounen op veggilles@gmail.com schecken.

Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den Samsden 11. Mäerz as Papeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Lengerstroos. Elo schons Merci fier äer Hellef.

De 17 an 18. März ass den Theater. Mir riichten de Sall, a këmmeren eis em d’Iessen an d’Gedrenks, sou  ewéi em d’ofriichten. R.dv vu  17°° un am Home.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top