Infoziedel Mee 2017

Fir Iech alleguer :

Fier déi di mat op den groussen internationalen Camp um Kierchbierg de GoUrban matgin: Den 2. Accompte as fälleg. Iwerweist w.e.g. de Rescht vum Prais bis den 12. Mee op: 

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: GoUrban 2017 an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

Den Prais vum Camp fier äert Kand kennt der  op http://gourban.lgs.lu/join/ nokuken.

Fir d’Biber :

Den 13 Mee as normal Versammlung vun 14:00 bis 16:00h um Prënzebierg. Déi Versammlungen drop, den 20 an den 27 Mee sin och erem vun 14:00 bis 16:00h. Macht iech dorop gefaasst eng Rees an d‘Ongewëssheet ze machen.Wann der iech daat net entgoen lossen wellt, dann sidd wéi ëmmer mat vill Energie an Motivatioun derbai. Den 3 Juni fänkt d’Päischtvakanz un, do as dann keng Versammlung.

Fier d’Wellef :

Dem Indiana Jones seng Abenteuer sin nach laang net fäerdeg. Den 13. an den 20. Mee muss heen na eng Kéier alles gin ier et dann an daat grousst Finale geet. Mir treffen eis wei gewinnt vun 14h00 bis 16h00 um Bierg. Den 27 Mee hun mer keng Versammlung, well mer den Sonnden 28 Mee op den  Wëllefchersrallye op Remich gin. Mellt iech w.e.g. bis den 20 Mee beim Alex (691 177 773) un. RDV as moies um 7:50h  beim aale Pompjeesbau (place de la Libération) zu Péiteng. Zereck sin mer geint 18:30h op der selwechter Platz. Matbrengen: e klengen Rucksack, Bidon mat Waasser, Picknick fier Mettes, Reenjacket an bequem Schung fier ze trëppelen. Optimal as et wann der äer Uniform unditt. Den 3. Juni as keng Versammlung wéinst der Paischtvakanz.

Fier d’Avex :

Fir déi Avex déi sech ugemellt hunn fir den Absurd-Cup, den 13 Mee, sinn hei d’Detailer: RDV ass um 9:15h beim aalen Pompjeesbau (place de la Libération) zu Péiteng. Ditt de Foulard un. Zereck sin mer géint 17:30h op der selwechter Plaatz. Matbréngen: Picnic fir Mettes, eng Reejacket an eventuell e bessen Täschegeld (net mei wei 5€). Fir déi aaner Avex  ass dann keng Versammlung. Samschdes, den 20 Mee, maan mer en Velostuer zesummen. RDV ass um 13:00h zu Lenger an der rue de la Libération, do wou d’Velospist ufänkt. Zereck sin mer geint 17:00h op der selwechter Plaatz. Matbréngen: en eegenen Velo (wann der keen hutt dann mellt iech bei de Chef da kuken si fier eng Léisung), eppes géint de Reen an e Bidon mat Waasser. Falls d’Wierder sollt ze schlecht sinn, mellen sech d’Chef bei ierch fir en Alternativ-Programm. Samschdes, den 27 Mee, hunn mer dann normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Den 3 Juni as keng Versammlung.

Fier d’Carapio :

E Samschden, 13. Mee ass moies Pabeiersammlung. Nomëttes ass keng Versammlung. E Sonnden, 14. Mee gi mir op d’JoCaPi zu Bartreng. RDV an Uniform ass moies um 6:40 zu Péiteng op der Gare. D’ Kim setzt iech an de richtegen Zuch (Départ 6:50 via Esch) an da fuert der eleng bis an d’Stad. Do fiert den Gilles mat iech zesumme weider op Bartreng. Matbréngen: Zuchticketen, déck Schong, Kleeder dem Wieder no, eng Gamelle, Besteck, e Becher, e Bidon, en Täschemesser, e Bic. An de leschte Jore war dat géint 5 Auer eriwer. Dono begleet de Gilles iech da bis op d’Gare vu wou aus der eleng mam nächsten Zuch zeréck op Péiteng fuert. Den 20. an den 27. Mee hu mer Versammlung um Prënzebierg all Kéier vu 14:00-16:00. Dir hutt d’Entreprise “Sall renovéiere” gewielt also werkele mer dorun!

Fier d’RaRo : 

Den 13 Mee schaffen mer ausnahmsweis no der Papeiersammlung un eisem Sall weider. Den 19 Mee as RaRotreff zu Diekrech, mellt iech do w.e.g. beim Micha bis den 9 Mai un. Den 20 Mee an den 27 Mee hun mer dann Schaff-versammlungen. Wieder Infoen zum Schaffmaterial daat mer brauchen wäerten gin et per Facebook oder SMS.

Fier d’Albatrossen:

Den 12 Mee as Albatrossen-Treff um 19h zu Beggen. Denkt drun den 13 Mee as Papeiersammlung. D‘RaRo sin frou och wann der hinnen bei hieren Renovatiounen um Schapp hellefen kommt.

 Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den Samsden 13 Abrell  as Papeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Lengerstroos. E groussen Merci fier Deng Hellef.

 Fier d’Chef: Mettwochs, den 17 Mee as Grupperoot um 20h am Avexsall.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top