Programm vun der Guilde: Juli-August 2017

Fir d‘lafend Joer 2017/2018 gesäit eise Comité esou aus:

Éirepresident: Brosius Norbert

President: Scherer Georges

Vize-President: Martin Arny

Sekretär: Schlottert-Didier Martine

Tresorier: Schlottert Jean

Memberen: Felten Lex Guirsch, Robi Lippert Jean, Masutti Christelle, Peiffer Carlo

===================================================

Den 2. Juni 2017 ass eise Member Joseph Steinmetz am Alter vun 90 Joer vun eis gaang.

Hien huet dem Grupp an der Zäit dacks wertvoll Hëllef geleescht wann et drëm gaang ass fir d‘Campmaterial mat sengem Camion op d‘Campplaz ze féieren.

===================================================

Nationalfeierdag

Frei. 23.06.: Mir treffen eis um 9:00 h zu Péiteng op der Maartplaz, do huele mer d‘Navette fir op Rodange, wou mir mam Cortège an den Te Deum ginn. Duerno ass eng Receptioun mat Éirewäin an der Sportshal. Mir komme mat der Navette géint 12:30 Auer zréck op Péiteng.

Sam. 24.06.: De Grupp organiséiert nomëttes vu 14°°-18°° Spiller am Péitenger Park. All eis Membere si natierlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen.

Déi Leit déi wëlle bei de Spiller hëllefe sollen sech beim Claire um 621 68 39 99 mellen. Mir treffen eis den 24. Juni um 10°° beim Stadhaus.

P.S.: Mir brauchen nach vill Leit….. =================================================== Programm Juli – August 2017

Son. 2.07.: Kulinareschen Trëppeltour zu Kielen. (Org.: Verschidden Associatioune vu Kielen)

Hei de Programm:

Depart zu Kielen (tëscht 10h30 an 11h30).

Parcours: Kielen – Direndall – Weidendall – Brameschhaff – Kielen = ronn 9 km.

(De Parcours ass geeegent fir Poussetten, deemno och fir eeler Leit.)

Et si 6 Etappen: 1. Apéritif & Amuse-bouche; 2. Entrée végétarienne; 3. Trou normand; 4. Poulet rôti oder Steak végétarien (mat Gromperen a Geméis); 5. Kéis-Assortiment; 6. Trio de desserts mat Kaffi.

Bei de Platen 2, 4 an 5 gëtt et e Gedrénks no Wiel.

Präis: Erwuessen 39,00 €; Kanner (6-12) 15 €; Kanner (<6) gratis.

Umeldung an Info beim Roby Guirsch nach bis Sam. 17.06.,

Tel. 26 30 02 96 oder Mail: guirschrob@gmail.com

Genee Detailer gitt Dir vum Roby no de Umeldung gewuer

Sam. 8.07.: Pabeiersammlung. Rendez-vous um 8:30h virum Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

Son. 23.07.: Sortie op d‘Porte-ouverte um internationale Camp Go|Urban um Kierchbierg.

Rendez-vous: Lëtzebuerg/gare um 11:15h. (Départ vum Zuch zu Péiteng um 10:47h) Mir fueren da mat enger spezieller Navette op d‘Plaz vum Camp.

Do gëtt gebueden:

• Vill Spiller an Ateliere fir Grouss a Kleng

• Optrëtter vu Guiden a Scouten aus der ganzer Welt

• Food Villages (Ochs um Spiiss, Tarte Flambée, Paella, Scampis, Grillwurschten, Eisekuchen,…..)

• Concerten (Dëppegéisser, Luxembourg Marching Band, Saxitude, 4DARLA, Mambo Schinki, Duo Lompekréimer, Turlatäin mam Guy Arend)

• Street Animation (Collectif Dadofonic, Pôle Impro Luxembourg…)

• BMX Flatland Champion Viki Gomez

• Camp-Bauerenhaff

• Info- a Verkafsstänn vun eise Partner

• a villes méi

Sam. 5.08.: Pabeiersammlung. Rendez-vous um 8:30h virum Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

Son. 6.08..: Traditionnelt Grillfest um Kuelbecherhaff.

Rendez-vous um Haff vun 11:00h un.

Grillen:

– de Grill an dat fir ënnert de Grill (d’Feier) ass op der Plaz;

– dat fir op de Grill an säi Gedrénks muss jidderee selwer matbréngen;

– Zaloten an Taarten sinn net nëmme wëllkomm, mä souguer erwënscht.

Fir am viraus Bescheed ze wëssen wat ongeféier matbruecht gëtt, kontaktéiert w.e.gl. d’Martine

( Tel: 50 32 71 / GSM: 621 414 040 / Mail: jschlott@pt.lu )

„Promenade digestive“ nom Iessen.

Méin. 7.08.: Comité um 20:00h am Home.

Zoukonftsmusek:

Pabeiersammlungen: 9.9. – 7.10. – 4.11. – 9.12.

Sortie op Bouillon: ass geplangt am September

Eis Franziskus-Mass um Bierg Sam. 14.10.

Visite vum „Ofen- und Eisenmuseum“ zu Hüttingen an der Südeifel: Datum läit nach net fest

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top