Invitatioun:

Mir invitéieren Iech alleguer mat ären Frënn, Noperen, Bomien…
op eist traditionellt Buergbrennen ze kommen.

Mir brennen d’Buerg e Samschdeg den 12. März. Den Faakelzuch geet um 18:30 ënnen beim Wee fort, an d’Buerg gëtt géint 19:00 ugefaang. Jiddereen wou beim Opriichten hëlleft kritt och virum Faakelzuch e gudden Teller Zopp. All déi aner Leit brauchen sech keng Suergen ze machen, den Grill steet schons prett.
Vous êtes cordialement invités de participer au „Buergbrennen“, qui aura lieu samedi le 12. mars. Il s’agit d’une tradition luxembourgeoise qui à comme but de brûler l’hiver. Départ de la retraite aux flambeaux est à 18.30 heures en bas du chemin pour monter vers le chalet.

Fir all d’Wellefcher:
E Samschden den 5. März hun mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 12. März hëllefe mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15:00 un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g. och bei Invitatioun.)

Fir all d’AvEx:
E Samschden den 5. März hun mir vun 14:00-16:00 Versammlung um Prënzebierg. Samschdes den 12. März hëllefe mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15:00 un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g. och bei Invitatioun.)

Fir all d’CaraPio:
Am  05.03.2011 treffen wir uns um 14:00 auf der Gare um gemeinsam nach Howald zum “Laser Games Evolutions” zu fahren. Wir sind zwischen 17:00 und 17:30 wieder zurück in Pétange am Bahnhof. Wer mitkommt möchte sich bis Freitag abend bei mir [Lukas] anmelden Tel: 661 620 846, damit wir genügend Autos haben.
Samschdes den 12. März hëllefe mir d’Buerg opriichten, mir treffen eis um 8:30 ënnen um Bierg, sidd w.e.g. pünktlech well mir fueren vun do aus op Déifferdeng fir Fäschen ze maachen.  Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett wieder geschafft bis d’Buerg steet. (Liest w.e.g och bei Invitatioun.)

Fir all d’RaRo:
E Samschden den 5. März hu mir vun 16:00-18:00 Versammlung um Prënzebierg.
Samschdes den 12. März hëllefe mir d’Buerg oprichten, mir treffen eis um 8:30 ënnen um Bierg, sidd w.e.g. pünktlech well mir fueren vun do aus op Déifferdeng fir Fäsche ze maachen.  Mir iessen zesummen zu Mëtteg, duerno gett wieder geschafft bis d’Buerg steet. (Liest w.e.g och bei Invitatioun.)

Fir all d’Mataarbechter,
Liest w.e.g bei Invitatioun. Virukënnegung: Samschdes den 19.03 ass Pabeiersammlung.

Fir all déi wou den Scoutsziedel iwwer E-mail kréien,
Kuckt w.e.g. eemol bis an äre Spam-Filter. D’Absender-Adress vum Scoutsziedel huet geännert. Dësen Ziedel gouf den 1. März iwwer E-Mail verschéckt.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top