Infoziedel vum Oktober 2017

Fir iech alleguer:

Samschdes den 14. Oktober: Scouts-Mass um Prenzebierg fier d’Fest vum Hl. Franz vun Assisi

Dier alleguer, äer Elteren, Geschwester, Grousselteren,… sidd häerzlech invitéiert op den Prenzebierg bei d’Kapell ze kommen an mat eis des Scouts-Mass ze feieren.

Um 15:30 Auer gin d’Lidder zesummen ageprouft. D‘Mass fänkt dann um 16:00 Auer un. Duerno gett et nach eppes Klenges z’iessen an ze drenken.

Samschdes an Sonndes den 28 an 29 Oktober: Gruppe-Montéésweekend um Kuelbecherhaff

Bei der Montée wiesselen dei eelsten Kanner aus all Branche (Altersgrupp) an di Branche driwer. Dëst as eng wichteg Etapp am Lierwen vun all Scout/Guide an duerfir mecht den ganzen Grupp en Weekend fier daat ze feieren. Wichteg: Wëll mier fier d’Organisatioun wessen mussen wéivil Lait matgin, brauchen mer d‘Umeldungen sou schnell wie méiglech! Mellt iech beim Claire (621 68 39 99) un (och Chef an RaRo). Den Weekend kascht 20€ fier daat 1. Kand aus der Famill daat an den Scouten as, an 15 € fier all weider Geschwester. Ӓrt Kand as nemmen definitiv ugemellt wann déi Suen iwerwisen sin! D’Iwerweisungen kennt der bis den 15 Oktober op eisen Kont man:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

20 oder 15€

Mentioun “Montée [Numm vum Kand+Branche wou Kand grad dran as]”

Mier bieden ierch fier all Kand aus ärer Famill eenzel!!! ze iwerweisen wëll soss gett et en groussen Chaos. Wéider Détailer kommen och nach am nexten Infobreif.

Fir all d’Biber:

Dier léif Biber, mier gesin eis wie gewinnt den Samsden 7 Oktober vun 14:00 bis 16:00 Auer um Prenzebierg. Den Samsden 14 Oktober hun mier eng méi laang Versammlung, vun 14:00 bis 17:00 Auer wéinst der Scoutsmass. Kuckt och bei „ Fier iech alleguer“.

Fir all d’Wëllefcher:

Dier leif Wëllefcher, elo firun der Montée machen mier nach ë puer mei grouss Gruppenspiller den 7 an den 14 Oktober um Prënzebierg. Déi Versammlung vum 7 Oktober as wéi gewinnt vun 14:00 bis 16:00 Auer. Déi Versammlung vum 14 Oktober dauert mei laang, vun 14:00 bis 17:00 Auer, well nach d’Scoutsmass duerno as. Brengt och roueg äer Frënn/dinnen erem mat, et mecht méi Spaas wann si och derbai sin. Kuckt och bei „ Fier iech alleguer“.

Fir all d’ AvEx:

Salut AvEx, Samschdes den 7.10 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00. Den 14.10 ass d’Versammlung vun 14:00-15:30 an duerno as Scoutsmass. Mir fueren weider mat eiser Expeditioun „Scoutstechniken“. Kommt alleguer „zahlreich“! Kuckt och bei „ Fier iech alleguer“.

Fir all d’CaraPio:

Mier hun den Samsden 7 Oktober moies Pabeiersammlung, Rdv wie gewinnt um 8:30 op der Lengerstross, nomettes as dann Versammlung vun 14:00-16:00 Auer. Den Samsden 14 Oktober hun mer mei laang Versammlung well um 16:00 nach d‘Franziskusmass as. Kuckt och bei „ Fier iech alleguer“.

Fir all d’RaRo:  

Den Samsden 7 Oktober hun mer keng Versammlung well moies Pabeiersammlung as; Rdv. wéi gewinnt um 8:30 op der Lengerstross. Den 14 Oktober hellefen mier dann bei der Scoutsmass zu Éieren vun eisem Schutzpatroun den Hl. Franz vun Assisi. Kuckt och bei „ Fier iech alleguer“.

Fir all d’Carapio,Matarbechter, RaRo, Chef a Guildememberen

Den 7. Oktober as Pabeiersammlung. Um 8h30 as Rdv op der Lengerstross. Geff dengem Härz e Stouss a paack eng oder zwou Hänn mat un. MERCI

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top