Infoziedel fier d'Montée 2017

Fier Iech alleguer:

Véillee beim Monument vum gefaalenen amerikaneschen Zaldot

Den Freiden 27 Oktober feiert den Comité du Souvenir de la Commune de Pétange den 70ten Jubiläum vun der Errichtung vum Monument fier den amerikaneschen Zaldot. Fier dësen Jubiläum gin vun 18:00 Auer un Feierlechkeeten beim Monument organiséiert. Rdv fier eis as an Uniform um 21:00 Auer beim Centre Wax zu Péiteng. Mier hun eng kleng Veillée organiséiert fier dem Zaldot ze gedenken an schléissen daat Ganzt um 22:30 Auer mat enger Wuecht of. Bedenkt: Fier déi di fréi genuch kommen gett et Ierbsebulli :).

Montées W.E um Kuelbecherhaff den 28-29 Oktober

D’Montée an den Scouten as fir all Scout eng grouss Sach, well do wiesselen déi mi aal Kanner aus all Branche an déi Branche driwer. Fier eisen éeleren Mat-Scouten Ӓddi ze soen, an déi nai Frënn würdeg wellkomm ze heeschen, machen mer zesummen am Grupp en Weekend um Kuelbecherhaff.

Ufank vum W.E: Samgdes, den 28. Oktober um 15:00 um Kuelbecherhaff (Haus Rasmussen, rue de Mersch, L-7435, Hollenfels). Mier bieden d’Elteren fier d‘Kanner dohin ze féieren; dëst geet am beschten an Fahrgemeinschaften well d’Parkplatzen sin begrenzt. Didd all är Uniform+Foulard an en Sonnebrell (am beschten keen daieren) un. Mathuelen: Täscheluucht, Täschemesser, Bidon, Wäschsaachen (Zahnpasta, Zännbiischt, Seef,…), Pyjama, frësch Ennerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sin an eppes géint de Reen daachen), Schlofsack, déck Schung, Schlappen, déi ausgefëllten Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) a perséinlech Médikamenter. D‘Avex déi d’Montée machen, CaraPio, RaRo an Chef sollen och eng Carrymatt matbrengen. Verpackt alles an engem Rucksack. Dir braucht neischt fir z’iesse matzebrengen.

Schluss: D’Elteren kennen hier Kanner nees Sonndes um 15:00 Auer op de Kuelbecherhaff sichen kommen.

Fir all d’Biber, d‘Wëllefcher, an d’Avex:

Den Samschden den 21. Oktober as leider keng Versammlung well Chef gaaanz vill fier d‘Scouten schaffen mussen. Liest onbedingt och den Ufank vum Ziedel fier den Montées-W.E, deen as den 28-29 Oktober. Vergiesst net iech beim Claire (621 68 39 99) unzemellen. Den 4. November ass keng Versammlung well do as Vakanz.

Fir all d’Carapio, d’RaRo, d’Albatrossen, d’Chef, an d’Matarbecher:  

De Weekend vum 21-22 Oktober hu mir eisen Zelt-Tik W.E. Mir kuken d‘Zelter no, flecken ze wann et neideg as an raumen eis nai Garage am Rodanger Chalet an…. Mir treffen eis Samsdes vun 10 Auer un um Bierg. D‘Carapio sollen sech beim Kim unmellen weinst dem Iessen. Matbrengen: Schlofsack, Carrymatte, Schaffhändschen, Loscht fier eppes unzerappen an gudd Laun. Daat ganzt dauert bis Sonndes +/- 16 Auer. Fir all déi Leit déi eigentlech keng Zait hun: Natierlech asss et och méiglech dass dir just schaffe kommt an fir de gemittlechen Deel owes net derbai sidd.

De 4. November  ass Pabeiersammlung; R.d.v wéi emmer um 8.30 h op der Lengerstrooss. Elo schons een decke MERCI fir deng  Hëllef!!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top