Infoziedel November 2017

Fir Iech alleguer :

Cotisatiounen

Et ass nees un der Zeit fir de Joresbeitrag ze bezuelen. Des Suen gin intégral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwerwisen. Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass ärt Kand versechert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft gescheckt. Iwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir daat eelst  Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Vergiesst net den Numm vun ärem Kand derbei ze schreiwen. Villmols Merc!  P.S. D’Matarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mecht daat fir sie als kleng Unerkennung fir hir Arbecht.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

Fir d’Biber :

Hallo dier léif Biber, mier hun wéi gewinnt den 11. an den 18. November vun 14 bis 16 Auer Versammlung um Prënzebierg.

Fier d’Wellef :

Mier gesin eis den Samschden 11. an den 18. November vun 14 bis 16 Auer um Prënzbierg. Mier zielen op iech fier éisen neien Chef würdeg ze begréissen, also sidd besonnesch brav :).

Fier d’Avex :

Salut aal an nei AvEx! Mir hunn Samschdes, den 11.11 an den 18.11, Versammlung vun 14:00-16:00. Fir déi nei AvEx (an och dei aal): Mir hunn eis Versammlungen meeschtens dobaussen, dot also aalt Gezai un wat kéint knaschteg ginn. Mier wieren ganz frou, wann der iech beim Fredi (621 47 25 10) gifft oofmellen, wann der net kennt kommen.

Fier d’Carapio :

En décke WËLLKOMM fir eis nei CaraPio! Et geet direkt mat vollem Programm lass!
Den Samgden 11. November ass fir déi CaraPio déi sech ugemellt hunn d’Sich nom Mr X ugesot. RDV an Uniform a Kleeder fir dobaussen ass um 14:00 zu Esch op der Gemengeplaz. Mir iwwerloossen iech wéi der dohi kommt, awer den Zuch bidd sech un: Départ zu Péiteng um 13:22. (Warscheinlech ass fir den Trajet kee Chef bei iech.) Dës CaraPio Süden Aktivitéit kascht näischt mä mir mussen als Grupp Kuch mat huelen. Schwätzt iech dofir op der CaraPio Facebook Grupp of. Schluss ass um 17:00, dono fiert z.B. en Zuch zeréck op Péiteng um 17:15 (Arrivée 17:38). Matbréngen: Schülerkaart fir den Transport, Bidon.
De Samgden 18. November hu mer eis éischt Versammlung um Prënzebierg vun 14-16:00. Mir ginn eisem Sall de leschte Schlëff, wielen eng nei Entreprise a maachen eis éischt Gedanken zum Theater.
Fir an den Agenda: den Iron Scout ass dëst Joer vum 13. bis de 15. Abrëll. D’Umeldung an d’Detailer fir dës 65km-Wanderung kommen no Chrëschtdag.

Fier d’ RaRo :  

Den Samsden 11. November hun mer wéi gewinnt Versammlung, wou mer weider urappen fier den Sall ferdeg ze kréien. Den 18. an den 19. November hun mier eis RaRo/Albatrossen-Montée. Weider Infos kommen no. Mellt Iech w.e.g. bis den 15. November beim Kim (621 19 71 60) un.

Fier d’Albatrossen:

Den 18. an den 19. November hun mier eis RaRo/Albatrossen-Montée. Mir gesin eis um 16:30 um Prenzebierg. Weider Infos kommen no.

Fier d’Chef:

Den Donneschden 9 November hun mier Gruppenroot, wéi gewinnt um 20 Auer am Avexsall.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top