Infoziedel fier den Chreschtmaart 2017

Fir Iech alleguer :

Dëst as leider den leschten Infoziedel fier d‘Joer 2017, d‘Cheféquipe wenscht Iech an ärer Famill schéin Feierdeeg an en gudden Rutsch an d’Joer 2018!

1)     Nikloosmaart

Wéi all Joer hu mir e Stand um Nikloosmaart. Mir sin den 1, 2 an den 3 Dezember op der Maartplaatz fir flott Arrangementer ze verkaafen. Mir fréen eis op äre Besuch! Um Maart selwer sin meechstens wéineg Adventskränz ze verkaafen, duerfir bestellt nach séier e Kranz per Telefon beim Claire Zwick (691309108) fier och secher een ze kréien.

2)     Rappel : Cotisatiounen

Duerch d’bezuelen vun der Cotisatioun ass ärt Kand versechert a kritt eng Zeitschreft gescheckt. Fier déi di et nach net gemach hun,  iwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15€ fir daat eelst Kand an 12€ fir déi aner Kanner op eise Konto. P.S. D’Matarbechter a Chef brauchen keen Beitrag ze bezuelen, de Grupp mecht daat fir sie.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

3)     Friddensliicht

Samschdes den 23. Dezember verdeelen déi Péitenger Guiden a Scouten d’Friddensliicht. Hei kritt jidfereen symbolesch de Fridden mat Heem, fir en dann am Bekanntekress oder an der Noperschaft weiderzeverdeelen. Friddensliicht get no der Mass, déi um 17:00 ugeet, verdeelt. R.d.v um 17.00 Auer an Uniform firun der Kiirch zu Péiteng. D’Elteren, Geschwester, Frënn a Bekannten … sin härzlech wëllkom!

Fir d’Biber :

Den Samsden 25. November hun mer wéi gewinnt Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Den 2 Dezember as keng Versammlung well mer do um Nikloosmaart sin. Den Samsden 9 Dezember ass déi läscht Versammlung vum Joer an dofier wichtelen mier! Mir treffen eis um 14h um Prenzebierg. Brengt all eng Chrëschtdaagsboule fir op den Beemchen mat (keng deier) an een Kaddo (net mei wie 5€, entweder selwer gemach oder kaaft). D’Versammlung as dann um 17h eriwer.

Fier d’Wellef :

Samsdes den 25. November musst dir aal Kleeder, déi kennen dreckeg gin, undoen. Vun 14h-16h „renovéiren“ mir eisen Sall um Prenzenbierg , d.h. mir molen an pinselen, an veréiwegen eis inakkurat* un eisen Mauren. *Een schwéiert Wuert, mee dir wärt schon gesin firwat et gutt as.  Den 02. Dezember as keng Versammlung, well do as Chreschtmart. Den 09. Dezember as et endlech esou weit, den Kleeschen kennt (bei eis as deen emmer méi spéit drun) vun 14-16h op den Prenzenbierg. Brengt dofir wei all Joer een klengen Kaddo (am beschten selwer gemat an/oder net mei deier wei 5€) an eng Chreschtboulle fir op den Beemchen mat. Mir wenschen iech all eng schéin Chreschtzeit. Bescht Gréiss, är Lieblingschefs

Fier d’Avex :

Den Samsden 25. November hun mer normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Den 2 Dezember as keng Versammlung well mer do um Nikloosmaart sin. Den Samsden 9 Dezember ass eis Chrëschtdaags-Versammlung. Dëss Versammlung dauert méi laang, vun 14-17h. Brengt all eng Chrëschtdaagsboule fir op den Beemchen mat an een Kaddo (net mei wie 5€, am beschten selwer gemach).

Fier d’Carapio : OPGEPASST: Mir hunn en aussergewéinlecht Erliefnes am Januar, fir dat der iech ELO scho musst umelle wann der wëllt mat goen: d’national CaraPio Aktivitéit “eXtrem Night 2018 reload.” Wat ass dat? Een Nuets Hike mat Funk vun der CaraPio Equipe, oder vläicht anescht ausgedréckt: Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass), Crashcours a Funkkommunikatioun, Orientéierungslaf bei all Wieder duerch d’Nuecht, Gruppenchallenge a klengen Ekippen vu 4-6 Leit. Een Erliefnis wat sécher hänke bleift! D’Detailer fir de RDV (virun 9:00) an d’Material dat der mat huelt kommen an den nächste Bréif. Fir dëse Weekend um Neihaischen, dee Samschdes 13 Januar Moies ufänkt a Sonndes 14 Januar Mëttes ophält si wéineg Plaze fräi. Dofir kënnt der iech just bis e Freiden, de 24. November mat engem Virement umellen:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000. 35€ Mentioun “eXtrem night [Numm vum CaraPio]”

Fir de Rescht vun dësem Joer hutt dir d’Entreprise Chrëschtdag gewielt. E Samschden den 25. November treffe mer eis um 14:00 um Prënzebierg fir Scoutstéi ze maachen a Kichelcher ze baken. Onbedéngt matbréngen: Schlappen an e Spullduch. Eventuell matbréngen: e Schiertech, eng Deegrull, eng Form fir Kichelcher aus ze stiechen. Et ka sinn dass mer net um Punkt 16:00 fäerdeg sinn!

Vum 27. bis den 30. November hëllefe mer ëmmer Owes um 20:00 bei de Preparatioune vum Chrëschtmaart. Ween sech nach net agedroen huet kann dat an er nächster Versammlung maache, fir dass mer eis kënnen opdeelen. Freides, den 1. Dezember um 18:00 hëllefe mer opriichten op der Maartplaz. Kuckt och bei “Fir all d’CaraPio, Raro,…”

Samschden den 9. Dezember hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Nomëttes gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir sichen eis e Bam am Bësch dee mer rëschten. Bréngt dofir Dekoratioun mat. Mir “wichtelen” och: jidderee bréngt e Kaddo mat a kritt ee Kaddo vun engem anere CaraPio. De Kaddo soll selwer gemaach sinn an net méi wéi 5€ u Material kaschten.  De 16. Dezember ass scho Vakanz, also gesi mer eis duerno eréischt 2018. E gudde Rutsch!

Fier d’RaRo:

Den Samsden 25. November hun mer normal Versammlung. Duerno gett äer Hëllef um Nikloosmaart gebraucht. Kukt dofier bei „Fier d’CaraPio, RaRo,….“. Den Samsden 9 Dezember as moies Pabeiersammlung an duerfir keng Versammlung nomettes.

Fier d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Fier äis Adventskränz-aktioun schaffe mer an der Woch vum 27 November vu Méides bis Donneschdes all Owend vun 20°° un um Bierg. Um Nikloosmaart selwer, den Freiden 1.12 bis den Sonnden 3.12. brauche mir och deng Hëllef fir op-an oofzerichten an fir ze verkaafen. Den Freiden 1 Dezember as duerfir Rdv. um 18h bei der Gemeng fier opzeriichten. Déi Deeg drop wärten mer emmer sou vun 13:30h-18h um Maart sin.

Den Samsden 9 Dezember as Papeiersammlung, R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstross, dier wesst jo et gett all Hellef gebraucht.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top