Theater 2018

Den 2. an 3. Mäerz spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Riddo ass um 19:30. Fir unzefänke spillt all Branche e kuerzt Stéck. D’Cheféquipe spillt Fraepensioun – oder Mord aus Versinn, e lëschtegen Dräi-Akter vum Jennifer Hülser, iwwersat vum Robby Zenner.

De Präis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Plaz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaze vun elo un, um 621 814 883 reservéieren. Rufft w.e.g. eréischt no 18:00 Auer un!

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top