Infoziedel fir Juli an August 2018

  • Fir Iech alleguer : Dest ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer, duefir ass en och een extra groussen. Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp an eng schéi Vakanz! Ech profitéieren och vun der Geléenheet allen flaissegen Helfer e groussen Merci ze soen fir hieren Asaatz daat ganzt Joer iwer op den Pabeiersammlungen. Duerch dest Akommes kennen d’Praisser fir d’Campinger an sozialen Mossen gehaalen gin. Ech wënschen der  Gewënnerin  vun eiser klenger Emfro vill Freed mam Akaafsbong an soen alleguer Merci déi matgemaach hun  .
  • Fir d’Biber :   Den Camp ass dëss Joer wei schon‘s annonceiert vum 20/07 bis den 23/07 zu Roeser (44, Grand-Rue L-3394 Roeser). Den Rendez-Vous ass den 20/07 um 15h00 op der Gare zu Péiteng mam Foulard!!, vun do aus huelen mir Kanner mat den Autoen mat. Den 23/07 sollen d‘Elteren dann fir 14h30 op Roeser kommen wou sie mat enger klenger Erfreschung erwaard ginn. Den Camp kascht 80€. Wann mei Kanner aus der Famill mat eisem Grupp matgin bezillt deen eelsten den vollen Preis, dei aaner 20€ manner. Mathuelen soll dir: – 1 Autosschuel – Een groussen Rucksaack wou alles dranpasst – Kleeder dem Wieder no apaacken – frësch Ënnerwäsch – een dënnen Kuerf fir knaschteg Wäsch – fest Schung – Schlappen – Piyama – Schloofsaack – Täscheluucht – Täschemesser – Wäschsaachen (Zännbiischt, Zännpasta, etc.) – een klengen Kuerf mat Schwammsaachen + Ärmecher!!! – Eppes fir op den Kapp (Kaap oder Sonnenhut) – Reenjacket – 3€ (fir an der Jumpbox Strëmp ze kaafen dei dir duerno haalen kennt) -Fiche Médicale ausgefëllt (fannt der op lgspeiteng.lu) – Carrymat fir dei wou eng hunn – Sonnencrème -Kichenduch Alles soll mam Numm vum Kand markeiert sinn.
  • Fir d’Wëllef : Hei kommen dei lescht Infos fir den Camping. Deen geet vun Meindes dem 23ten Juli 14h00 bis Freides den 27ten Juli 14h30. Daat ganzt spillt zu Echternach am Chalet Robert Schaffner (route de Berdorf L- 6409 Echternach). Et wär super gutt wann d’Elteren hier Kanner kéinten brengen an och sichen kommen, ansonsten arrangeiren mir Chef eis mat iech. (691 177 773) Fir den Oofschloss vum Camp wollten mer mat Iech zesummen grillen. Mir suergen fir Feier, Zalot an Gegrills fir d’Kanner . Dir misst also just äert eegend Grillfleesch matbrengen. Präis: De Camp vun den Wellef kascht 130 Euro. Wann mei Kanner aus der Famill mat eisem Grupp matgin bezillt deen eelsten den vollen Preis, dei aaner 20€ manner. Unmellen: Mellt iech weg bis den 18. Juli beim Alex un. (691 177 773) Mathuelen:
  • Eng Kopie vun der Impfkaart
  • Kopie vun der Carte d’Idendité
  • d’Fiche médicale déi fannt dir ënner lgspeiteng.lu/doc
  • Wäschsaachen: Zännbiischt, Zahnpasta, ee Läppchen, Seef a Shampoing, ee klengt Duch, eng Biicht
  • Schwammsaachen: e grousst Duch, e Maillot/ uleiend Schwammbox / Wasserschlappen fir Spiller dobaussen/ Schwammkaap / wa néideg Ärmecher
  • Ee Schlofsaack
  • Carrymatt oder Loftmatratz ( dei wou wellen kennen ev. eng Nuet dobaussen schloofen)
  • evt. een Kappkessen an e Petzi, Pyjama
  • ganz wichteg: 3 Spulldicher* ( ja et gett och gespullt)
  • ee klenge Rucksack
  • een Bidon
  • eppes fir ze liesen fir an der Freizeit oder ee Kaartespill
  • e Stoffene Saack fir déi knaschteg Kleeder
  • frësch Ennerwäsch an Strëmp fir all Daag
  • eng gudd Reejaket (net onbedingt eng schéin awer eng déi gudd géint de Reen ass !!!)
  • dëck Schung, Turnschlappen
  • Gezei fir all Wieder an dees waat kann knaschteg gin
  • eng Kaap an eng Mutz (owes kann et kaal gin)
  • Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se)
  • Spray géint Zecken a Moussetiken
  • een Täschmesser
  • eng Täschelucht
  • Schlappen
  • een aalt Leinduch fir ze zerschneiden

Verpaackt alles an engem Rucksaak. Et ass wichteg dass all är Saachen mat äerem Numm gezeechend sin! Gitt d’Kopie vun der Impfkaart,eng Kopie vun der Carte d’idendité , d’Fiche an d’Suen op der Plaatz of. Net matbrengen: Wertsaachen, Handy, Täschegeld an Séissegkeeten.

Fir d’Avex : Samschdes den 14.07 ginn mer an d’ Piko (Schwemm zu Rodange). Rdv ass um 13:30 virun der Schwemm. Schluss ass um 16:30 virun der Schwemm. D’Entrée fir an d’Schwemm gett vum Grupp bezuelt. Mat ze huelen ass: Maillot/Schwammbox, Duch, Shampoo an eventuell en Schwammbrell. Fir Glacen, Gedrenks, etc. musst der ierch Täschengeld matbrengen. Hei sinn dei läscht Informatiounen fir de Camp: Ufank: Bréngt äert Kand w.e.g. de Samschden, 21. Juli 2018  fir 14:00 Auer an den Fënsterdall. Adress vun der Plaatz ass:  Finsterthal, 7425 Finsterthal. Op der Strooss misst et gezeechent sinn, wou de Wee bei d’Camplaatz rof geet. De Camp kascht 150€. Wann mei Kanner aus der Famill mat eisem Grupp matgin, bezillt deen eelsten den vollen Preis, dei aaner 20€ manner. D’Geld, zesummen mat der Fiche Médicale direkt ofginn, wann der ukomm sidd. Fiche médicale fannt der op lgspeiteng.lu ennert Dokumenter. Schluss: Sonndes, 29.Juli 2018 kënnt dir äert Kand fir 14:30 Auer rem an den Fënsterdall sichen kommen. Kontakt: Falls een Noutfall sollt sinn kënnt dir eis iwwer Telefon kontaktéieren. (Campchef Annick: 691 309 928, Fredi: 621 472 510). Nach Froen?  Frot beim Annick oder beim Fredi no.  WICHTEG: Markéiert är Saachen virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht! Hei dann elo nach weider Detailer wat der mathuelen sollt:  – Ënnerwäsch fir all Dag ze wiesselen – Strëmp fir all Dag ze wiesselen – Wanderschung (Am beschten undoen fir dohin) – Uniform a Foulard (Hu mir un wann mir ukommen) – Normal Schung oder Turnschlappen – Gezei fir all Wieder – Sonnekap oder –hutt – Sonnecrème – Wäschsaachen (Zännbicht, Seef, klengt Duch, etc.) – 3 Kichendicher – eppes fir géint Moustiquen – Carrymatt – Schlofsak – K-Way/Reejacket – Schwammsaachen (fir d’Jongen: hudd och eng enk Schwammbox derbai) – Bidon (min. 1L) – Becher a Gamelle mat Besteck – Täscheluucht – Täschemesser – AvEx Pass – Bic an Block – 1 klenge Rucksak – eventuell Ourestepp, fir wann een net gudd bei Geschnarchs schlofen kann – Medikamenter falls der gebraucht ginn (dem Fredi awer och am Virfeld Bescheet soen) – Perséinleches – e Saack fir d’knaschteg Wäsch dran ze maan – Fiche médicale  Wäertsaachen (Handy, Ipod, etc) an Séissegkeeten sollen doheem bleiwen!

Fir d’Carapio : Wandercamp an Estland RDV: Den Dënschdeg 17.7. um 6:00 an Uniform a Foulard um Findel an der Entréeshal virum Check-in Beräich. Mir invitéieren iech Fahrgemeinschaften ze organiséieren. De Fliger start um 8:20. Mathuelen: Fir mat an de Fliger: ? Täschegeld (max. 50€) ? Original Dokumenter: Carte d’identité respektiv Pass (dat wouvunn der eis eng Kopie ginn hutt), Impfkaart, Sécurité Sociale, Autorisation Parentale, Bic. ? Mir kréien am Fliger eppes z’iessen an ze drénken. Fir an de grousse Rucksak mat Housse géint de Reen ? Kleeder fir Sonn a Reen (inkl. Reejacket / K-Way) ? Ënnerwäsch, Strëmp ? Biergschung ? Hutt oder Kap ? Warnwest oder Reflekterbännchen ? Schwammboxkompakt Handduch ? Wäschsaachen (Seef am beschte biologesch ofbaubar) ? 1 Rouleau Toilettepabeier ? 1 Spullduch ? Schlofsak ? Carrymatt ? 1 Dreckstut ? Perséinlech Medikamenter ? Spray géint Moustiquen ? Sonnecrème ? Gamelle ? Besteck ? Bidon(en) fir am ganzen 2L ? Becher ? Täscheluucht ? Täschemesser Wichteg: loosst Plaz am Rucksak fir déi puer Saache wou mer als Grupp mat huelen an op jidderee verdeelen (Zelter, Dëppen, Waasser, Iessen, …). Pakt kompakt a liicht. Dir musst ären egene Rucksak eng Woch lang droen. Als Grupp huele mer ë.a. och nach dës Saache mat déi der kënnt benotzen: eng portabel Wäschmaschinn (Geet mat Seef. Dir braucht esou manner Kleeder mat ze huelen.), enTennisball, eng Apdikt, eng Axt. Retour: Den Donneschden 26.7. komme mer um 19:30 zu zu Frankfurt (FRA) un. D’Eltere vum Jimmy an Tim hu frëndlecherweis ugebueden eis vun do aus mat dem Auto zeréck ze bréngen – hinnen dofir e ganz grousse Merci! Rechent géint 23:00 mat eis. Och an der Vakanz gëtt är Hëllef gebraucht, liest duefir bei: Fir all d’CaraPio, d’RaRo,d’Cheféquipe, d’Guilde an d’Matarbechter a maacht mat!

Fir d’Albatrossen De Freiden den 13 Juli um 19h treffen mir eis um Bierg fir nach e bessen ze schaffen virum Camp. Den Freiden 10 August ass och Versammlung um 19h . Dest get eng mei gemitterlech Veranstaltung. Kuckt och bei „Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Matarbechter“.

Fir d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Chef a Matarbechter
Mettwochs den 01.08:  Spillnometten mat der Vakanzaktioun : Mir organiséiren een Nomettëg mat flotte Spiller um Bierg, dest ass fir d’Kanner vum Cycle 2, déi bei der Vakanzenaktioun matmachen. Well fill Kanner kommen brauchen mir Leit déi eis do eng Hand upacken. Moies vun 9°° un, riichte mir op. Mir iessen um Bierg zu Metteg d’Kanner sin vun 14.30 Auer bis 17.30 Auer do. Wanns Du wëlls hëllefen, da so mir w.e.g Bescheed um 621 68 39 99 .  MERCI!!! Samschdes de 11.08: Pabeiersammlung. R.d.v. um 8.30 Auer zu Péiteng um aalen Site vun der Ecosider.  Wëll Vakanz ass, a fill Leit fort sin ass et extra wichteg dass jidferee wou kann, och do ass. MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top