Infoziedel september 2018

Moien alleguer,

Ech hoffen dir hat eng schéin, erhuelsam Vakanz a sidd elo prett fir en neit Scoutsjoer mat ville flotte Momenter.

Fir de ganze Grupp: (also fir Biber, Wëllefcher, Avex, CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef  a Guilde)

Sonndes den 9. September: Offiziell Gedenkfeier

Dëst Joer ass erëm de Festival de l’amitié Americo-Luxembourgeoise (virdru bekannt als Anniversaire vun der Liberatioun). D’Gemeng an de Syndikat d‘Initiative organiséiere fill Aktivitéite fir dëst ze feieren. Als Grupp maache mir bei dem offiziellen Deel mat: R.d.v um 10:00 Auer an Uniform bei der Borne des Passeurs bei der Péitenger Kierch an duerno ass um 10:30 Auer eng Zeremonie beim Denkmal vum gefaalenen Zaldot um Square Hyman Josefson. Déi offiziell Participatioun vun de Scouten ass duerno eriwwer.

Samschdes den 22. September an Samschdes den 29 September:

Éischt Versammlunge fir dat neit Scoutsjoer:

D’Biber, d’Wëllef, d’Avex an d’CaraPio hu vu 14°° bis 16°° Versammlung um Prënzebierg. Macht Reklamm fir d’Scouten an äre Schoulklassen a bréngt roueg all är Frënn mat an d‘ Versammlung. D‘RaRo hu vu 16.15 Auer bis 18.30 Auer Versammlung um Prënzebierg.

Fir d‘CaraPio, d‘RaRo,d‘Albatrossen, d’Matarbechter, d‘Guilde a d’Chef:

Samschdes den 15. September: Pabeiersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Ecosider. Dir kennt de Prinzip: wat méi Leit mathëllefe wat et méi schnell fäerdeg ass J Elo schonns en decke Merci.

Samschdes den 22. September: Kleedersammlung vum Kolpingswierk

R.d.v wéi gewinnt um 9:00 Auer zu Péiteng beim ale Pompjeesbau. Hai gëllt dat nämmlecht wie virdrun, all Hëllef gëtt gebraucht. Elo schonns en decke Merci.

Fir d’Chef:

Mëttwochs den 19.September an Sonndes den 23. September: Kongress a Chefdaag zu Réimech

Detailer fannt dir am „Kompass“ deen der normalerweis per E-mail geschéckt krut, oder op  https://news.lgs.lu/2018/07/30/invitatioun-kongress-chefdag-aktiviteitsrapport-2017-18/ .

Sot w.e.g dem Kim esou séier wéi méiglech um 621197160 Bescheed op dir mat gitt a wat dier iesse wëllt.

Dënschdes den 11. September: Grupperot

R.d.v ass um 20°° am Avexsall.

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top