PROGRAMM VUN DER GUILDE: September - Oktober 2018

Son. 9.09.: Liberatiounsfeier

10:00h     Zeremonie bei der „Borne du Passeur“ niewent der Kierch,

10:30h              Zeremonie beim Amerikaner-Monument op der Millen

Sam. 15.09.: Pabeiersammlung

Rendez-vous um 8:30h bei der fréierer Eucosider

All Hëllef gëtt gebraucht.

Son. 16.09.: Sortie op Remerschen

RDV 1: 9:15h zu Péiteng hannert „Rousen“. Mat Privatautoen op Remerschen iwwer d’Saarautobunn.

RDV 2: 10:00h zu Remerschen beim BIODIVERSUM, 5, Bréicherwee.

Visite vun dësem kuckeswäerte Musée

Mëttegiessen am Restaurant „Le Chalet“, och am Bréicherwee Iessen „à la carte“

Nomëttes ass en Trëppeltour am Haff Réimech vun 2,3 oder 4,6 km, (gëtt sur place decidéiert)

Umeldung beim Carlo bis Mëtw. 12.09.18 Tel: 50 21 03 oder Mail: guilde-petange@pt.lu

Dën. 18.09.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.

Uspill um 20:00h

Sam. 22.09.: Kleedersammlung fir d’Kolpingwierk, zu Péiteng duerchgefouert vum Grupp LGS Péiteng.

Rendez-vous um 9:00h beim ale Pompjeesbau.

? . ? . ??: D‘Franziskusmass um Prënzebierg

war geplangt fir den 6.10.18. Well et awer komplizéiert ass en Zelebrant ze fannen, läit den Datum zu dësem Zäitpunkt nach net fest.

Son. 7.10.: Sortie op Orscholz / Mettlach (Ugemellt Participanten kréien nach e Qroquis geschéckt)

RDV 1: 9:15h zu Péiteng hannert „Rousen“. Mat Privatautoen op Orscholz iwwer d’Saarautobunn, Sortie 3 „Borg Orscholz Mettlach“

RDV 2: 10:00h zu Orscholz um Parking vis-à-vis vum Resto „Porta Romana“, Cloefstrasse 41

Wanderung um „Baumwipfelpfad“ op 23 m Héicht bis op den Aussiichtstuerm (42m héich) mat vue op d’Saarschleife (liichte Wee, geeegend fir Rollstill a Kannerkutschen).

RDV 3: 12:00h zu Orscholz am Resto „Porta Romana“, Cloefstrasse 41 fir d‘Mëttegiessen.

Nom Iesse mam Auto op Mettlach op de Parking, deen op der Kaart gezeechent ass (8km).

Promenade duerch d‘Foussgängerzon.

RDV 4: 14:45h um Quai bei der Saar fir d’Schëffstour vun 15:00h Duerch eng Schleis bis an d’Saarschleef, ca. 90 min., Präis 12 € Géint 16h30 Ausschëffung,

gemittlech zeréck bei d’Autoen an heem op Péiteng.

> Et kann een och nëmmen un eenzelne Programmdeeler deelhuelen <

Umeldung beim Roby bis Mëtw. 3.10. um GSM 691 300 295 oder Mail: guirschrob@gmail.com

Sam. 13.10.: Pabeiersammlung

Rendez-vous um 8:30h bei der fréierer Eucosider

All Hëllef gëtt gebraucht.

Mon. 15.10.: Comité um 20:00h am Home

Don. 18.10.: Keelenowend zu Lampech am Café Müller.

Uspill um 20:00h

Fir an den Agenda:

Sortie mat Bouschéissen: Son. 4.11.2018 (Detailer um nächsten Ziedel)

Nationale Guildendag: Frei. 9.11. zu Monnerech (Detailer um nächsten Ziedel)

Uucht: Sam.17.11. mat Filmvirféierung an uschléissender Diskussioun

Pabeiersammlungen 2018: 10.11. – 8.12.

Keelenowenter: 13.11. – 11.12

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top