Montée 2018

Montée– Weekend zu Klierf de 27-28 Oktober D’Montée mat de Scouten ass fir all Guide/Scout eng grouss Saach, wëll do wiesselen déi mi aal Kanner aus all Branche an déi Branche doriwwer. Fier eisen eelere Mat-Scouten Äddi ze soen, an déi nei Frënn würdeg wëllkomm ze heeschen, maache mer zesummen am Grupp en Weekend. Ufank vum W.E: Samschdes, den 27. Oktober um 12:00 zu Péiteng op der Gare. Ditt all är Uniform+Foulard (wien eng huet) un. Sidd w.e.g. pünktlech, wëll den Zuch fiert och ouni eis. Wann der méi jonk wéi 20 Joer sidd braucht der elo keen Ticket méi , wann der méi aal sidd, da vergiesst är Schülerkaart net. Zu Klierf ukomm , trëppele mer nach vun der Gare bis béi de Chalet, also packt äre Rucksak esou an, dat der en nach droe kënnt (besonneschen Tipp un d’Biber J ). Mathuelen: Täscheluucht, Täschemesser, Bidon, Wäschsaachen (Zahnpasta, Zännbiischt, Seef, Handduch…), Pyjama, frësch Ënnerwäsch, Gezei fir all Wieder (et soll waarm sinn an eppes géint de Reen daachen), Schlofsak, déck Schong, Schlappen, Spullduch, déi ausgefëllte Fiche Médicale (dir fannt d’Fiche Médicale op: www.lgspeiteng.lu/doc ) a perséinlech Medikamenter. Bréngt och eng Zwergen-mutz mat, wann der eng doheem hutt (dir musst keng kafe goen). Verpaakt alles an engem Rucksak. Dir braucht näischt fir z’iesse matzebréngen. Fir d’Chef: Verkleet Iech w.e.g. als Baueren (Stiwwelen, karéiert Hiem,…jee dir wësst wéi  J) . Schluss: D’Eltere kënnen hier Kanner nees Sonndes um 16:00 Auer op Klierf bei de Chalet (1, place de l’abbaye, L-9737 Clervaux) siche kommen. Fir all d’Biber, d‘Wëllefcher, d’Avex an d‘Pio: Den Samschden den 3. November ass leider keng Versammlung well  do Vakanz ass .  Fir d’Carapio déi an RaRo kommen, d’RaRo an d’Albatrossen: De Weekend vum 2-3 November maache mir eis RaRo-Alba Montée. Aner Detailer ginn nach ausgeschafft, mee souvill ass gewosst: mir schlofen dobaussen also packt iech waarm Gezei an Carrymat/Schlofsack an. Dir sollt selwer äert Iesse matbréngen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top