Infoziedel Ufank November 2018

Fir Iech alleguer :  Cotisatiounen

Et ass nees un der Zäit fir de Joresbäitrag ze bezuelen. Des Sue ginn integral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwisen. Duerch d’Bezuele vun der Cotisatioun ass äert Kand verséchert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft geschéckt. Iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir dat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Vergiesst net den Numm vun ärem Kand derbäi ze schreiwen. Villmools Merci!  P.S. D’Mataarbechter a Chef brauche kee Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mëscht dat fir si als kleng Unerkennung fir hir Aarbecht.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi

BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000

mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner

Fir d’Biber :

Hallo dier léif Biber, mir hunn wéi gewinnt den 10. an de 17. November vu 14 bis 16 Auer Versammlung um Prënzebierg.

Fir d’Wëllef :

Dir léif Wëllef, d‘Vakanz ass eriwwer a mir hoffen dir hutt iech gutt erholl. Elo esou knapp no der Montée fänke mir erëm mat engem neie Komet un. Dat heescht mir hunn e puer Versammlungen noeneen zum gläichen Thema. Déi nächst puer Wochen, ënner anerem den 10. a 17. November  vun 14-16h geet et bei eis em de Broot, … Droot oder wei och ëmmer deen Höhlenmensch geheescht huet. Loosst iech iwwerraschen. Bis denne, är Lieblingschef.

Fir d’Avex :

Salut al an nei AvEx! Mir hunn Samschdes, den 10.11 an de 17.11, Versammlung vun 14:00-16:00. Fir déi nei AvEx (an och déi al): Mir hunn eis Versammlunge meeschtens dobaussen, dot also aalt Gezei un wat kéint knaschteg ginn. Mier wiere ganz frou, wann der iech beim Fredi (621 47 25 10) géift ofmellen, wann der net kennt kommen.

Fir d’Carapio :

E Samschden den 10. November hëllefe mer moies bei der Pabeiersammlung. Nomëttes ass Versammlung vun 14-16. Bréngt Naturmaterialie mat fir den Insektenhotel ze fëllen (zB Béngelen, Stréi, Dennenzapen). De 17. November ass Versammlung vun 14-16. Iwwerleet och wat eis nächst Entreprise soll sinn. Denkt drun iech schonn den Dag virdrun of ze melle wann der net kënnt kommen!

Fir d’ RaRo :  

De Samschden 10. November a 17 November hunn mer wéi gewinnt Versammlung um Prënzenbierg.

En klengen Zousaatz fir déi nai Rover: Wee vun de frësch gebakene RaRo net Chef an enger Branche ass, dierf virun der RaRo Versammlung nach bei de CaraPio hëllefen de Projet Insektenhotel of ze schléissen

Fir d‘CaraPio, d‘RaRo,d‘Albatrossen, d’Mataarbechter, d‘Guilde a d’Chef:

Samschdes den 10. November: Pabeiersammlung

R.d.v wéi gewinnt um 8.30 Auer zu Péiteng um ale Site vun der Ecosider. Dir kennt de Prinzip: wat méi Leit mathëllefe wat et méi schnell fäerdeg ass J Elo schonns en decke Merci.

Fir d’Chef:

Den Donneschden 8 November hunn mir Grupperot, wéi gewinnt um 20 Auer am Avexsall.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top