Infoziedel 2018

Dëst ass den lëschten Infoziedel fir d‘Joer 2018, d’ganz Cheféquipe wënscht Iech an ärer Famill schéin Feierdeeg an en gudden Rutsch an dat neit Joer!

 Fir Iech alleguer :

1)     leschten Rappel : Cotisatiounen

Nëmmen duerch d’bezuele vun der Cotisatioun ass äert Kand bei de Scoute verséchert. Fir déi di et nach net gemaach hunn, iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15€ fir dat eelst Kand an 12€ fir déi aner Kanner op eise Konto : LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi, BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000, mam Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner.

2)     Friddensliicht-Feier

Samschdes den 22. Dezember ass dëst Joer d’Friddensliichtfeier ganz no bei eis, neemlech zu Rodange. Hei kritt jidderee symbolesch de Fridden a Form vun enger Käerz mat Heem, fir en dann am Bekanntekrees  weider ze verdeelen. Mir hunn deen Samschden keng Versammlung um Prënzebierg, mee mir treffen eis, an Uniform, um 14:00 zu Rodange beim Scoutschalet (rue de la Minière). Um Programm steet en klenge Rallye mat enger Veillée zum Ofschloss. Schluss ass um 18:30 op der nämmlechter Platz. Matbréngen muss jiddereen en klenge Rucksak mat Täscheluucht, Gamell, Becher (Bidon) a Besteck, Schong a Kleeder dem Wieder entspriechend, fir ze wanderen.

Zousätzlech verdeelen e puer Chef och d‘Friddensliicht zu Péiteng no der Mass, déi um 17:00 ugeet.

Fir d’Biber :

De Samschden 15 Dezember maache mir eng Chreschtversammlung. An duerfir wichtele mir, dat heescht mir maachen eis geigenseiteg Kaddoen. Dir kennt de Kaddo selwer bastelen, selwer backen oder selwer kafen (max. 5 €). D‘ Versammlung ass vun 14-16h um Prënzebierg. Fir den Samschden 22 Dezember gi mer op Rodange op Friddenslichtfeier. Kuckt dofir  w.e.g. bei „Fir Iech alleguer“. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz.

Fir d’Wëllef :

Den 15 Dezember maache mir eng After-Kleeserchersfeier befier et dann an d‘Chreschtvakanz geet. Bréngt dofir alleguerten ee klenge Kaddo, am beschte selwer gemaach, an net méi deier wei 5€ mat. De Samschden drop den 22 Dezember gi mir op d’Friddensliichtfeier zu Rodange. Kuckt dofir  w.e.g. bei „Fir Iech alleguer“. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz, bis dohinner: schéi Chrëschtdeech an ee gudde Rutsch an dat neit Joer!

Fir d’Avex :

Den Samschde 15 Dezember hunn mer normal Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Mir wichtelen , duerfir bréngt alleguerten ee klenge Kaddo, am beschte selwer gemaach, an net méi deier wei 5€ mat. Bréngt och eng Boule fir op de Beemche mat fir d’Stëmmung J De Samschden drop den 22 Dezember ginn mir op d’Friddensliichtfeier zu Rodange. Kuckt dofir  w.e.g. bei „Fir Iech alleguer“. Duerno ass keng Versammlung méi bis no der Vakanz, also bis am Joer 2019.

Fir d’Carapio :
Samschden de 15. Dezember gesi mer eis vu 14:00-16:00 um Prënzebierg. De 22. Dezember ginn mer op Rodange op d’Friddensliichtfeier, kuckt bei „ Fir Iech alleguer“. Duerno ass ass Vakanz, also gesi mer eis eréischt 2019. E gudde Rutsch!

Fir d’RaRo:

Den 15.12 ass normal Versammlung. Fir den 22.12 kuckt bei „ Fir Iech alleguer“.

Fir d’Albatrossen:

D’Umeldungen fir eis nächst Versammlung, den 28 Dezember, sinn leider scho eriwwer. Dir kritt di néideg Infoe fir d’Auerzäit an den Oflaf no.

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top