Infoziedel Mee 2019 100 Joer LGS

Fir Iech alleguer :
De Samschden 18 Mee feieren d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten am ganze Land hiren 100ten Gebuertsdag. Dofir ginn op 3 Plaze Feierlechkeeten fir Scouten a fir „Nach-net-Scouten“ organiséiert, an dat fir ze feieren a fir ze weise wat mir esou vun Aktivitéite maachen. Dir sidd häerzlech invitéiert mat der ganzer Famill vun 10h00-18h00 op Esch/Belval bei d’Héichiewen kucken ze kommen. Do kann een flott Spiller a Workshops maachen, an natierlech och eppes Guddes iessen an drénken. Eis Chef a RaRo wäerte mathëllefen a freeën sech op äre Besuch.

Fir d’Biber :
De Samschden 11 Mee ass eng Versammlung mat de Wëllef vun 14-16h um Prënzebierg.
De Samschden 18.Mee gi mir op de Belval déi Feierlechkeete fir „100 Joer LGS“ kucken (kuckt bei „fir Iech alleguer“). Ufank: Mir treffen eis um 13:30 zu Péiteng op der Gare a fueren zesumme mam Zuch op de Belval , sidd also pünktlech well den Zuch waart net! Schluss: Mir maachen d’Spiller um Belval bis 17:00h, da kënnen är Elteren iech virun d’Rockhal siche kommen. Mathuelen: Mir ginn an Uniform+Foulard (wien dat huet).Ween eppes de iessen oder drénke wëll, kann 10€ Täschegeld mathuelen. Ditt Iech dem Wieder no un.
Den 25 Mee an den 1 Juni ass d’Päischtvakanz, do ass dann keng Versammlung.
Dann kommen nach e puer Datumer fir op de Kalenner:
Den 15. Juni maache mir en Ausfluch op Saarbrécken an d’Schwämm, Detailer kommen nach no.
Den 29. Juni ass de Bibertreff zu Klierf, och do kommen Detailer no.
Eisen Camp ass dëst Joer zu Dikrech vum 15.07 bis den 18.07. Mëllt Iech w.e.g. fir all di Aktivitéite beim Anna (621 75 43 60) un oder of!!

Fir d’Wëllef :
De Samschden 11 Mee ass eng Versammlung mat de Biber vun 14-16h um Prënzebierg.
De Samschden 18.Mee gi mir op de Belval déi Feierlechkeete fir „100 Joer LGS“ kucken (kuckt bei „fir Iech alleguer“). Ufank: Mir treffen eis um 13:30 zu Péiteng op der Gare a fueren zesumme mam Zuch op de Belval , sidd also pünktlech well den Zuch waart net! Schluss: Mir maachen d’Spiller um Belval bis 17:00h, da kënnen är Elteren iech virun d’Rockhal siche kommen. Mathuelen: Mir ginn an Uniform+Foulard (wien dat huet).Ween eppes de iessen oder drénke wëll, kann 10€ Täschegeld mathuelen. Ditt Iech dem Wieder no un.
Den 25 Mee an den 1 Juni ass d’Päischtvakanz, do ass dann keng Versammlung.

Fir d’Avex :
Samschdes, den 11.05 hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00. Mir fuere weider mat eiser Minett-Expeditioun.
De Samschden 18.Mee gi mir op de Belval déi Feierlechkeete fir „100 Joer LGS“ kucken (kuckt bei „fir Iech alleguer“). Ufank: Mir treffen eis um 13:30 zu Péiteng op der Gare a fueren zesumme mam Zuch op de Belval , sidd also pünktlech well den Zuch waart net! Schluss: Mir maachen d’Spiller um Belval bis 17:00h, da kënnen är Elteren iech virun d’Rockhal siche kommen. Mathuelen: Mir ginn an Uniform+Foulard (wien dat huet).Ween eppes de iessen oder drénke wëll, kann 10€ Täschegeld mathuelen. Ditt Iech dem Wieder no un.
Den 25 Mee an den 1 Juni ass d’Päischtvakanz, do ass dann keng Versammlung.
Camp-Info: eis Elteren-Versammlung ass den 11.05 um 16:30 am Kënzeger Chalet. Deen ass vis-à-vis vum Fussballterrain bei der Spillplaz. Parkt w.e.g. um Parking beim Tennis Terrain (rue de la Gare). Sot Bescheed wann der net kennt kommen an äert Kand awer mat op de Camp geet.
Sortie: Den 15.06 gi mer op den Absurd Cup (Spiller ouni Grenze fir AvEx). Mellt iech dofir bis spéitstens den 12.05 beim Fredi, per SMS, un (621 472 510). Sot och Bescheed wann der net matgitt.

Fir d’Carapio :
Den Samschden 11 Mee ass moies Pabeiersammlung an nomëttes normal Versammlung um Prënzebierg. De Samschden drop, den 18 Mee ass 100 Joer LGS-Feier kuckt dofir bei „ Fir Iech alleguer“ a „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter“.

Fir d’RaRo :

Fir d’Albatrossen:
De Freiden 31 Mee treffe mir eis um 20h beim Chalet um Prënzebierg. Kuckt och bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter“.

Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter
De Samschden 11 Mee ass Pabeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h um ale Site Eucosider. E grousse Merci un Dech dat’s Du kenns fir eise Grupp ze ënnerstëtzen.

Den Samschden 18 Mee sinn d’Feierlechkeete fir den 100ten Gebuertsdag vun de LGS um Belval bei den Héichiewen. Mir brauchen nach Läit fir ze hëllefen opzeriichten an duerno och ofzeriichten. Mir treffen eis Freides de 17 Mee um 19:00h zu Rodange bei eiser Garage fir d’Material an d‘Camionette ze lueden. De Samschden 18. Mee hunn mer Rdv um 7:00h!! um Belval virun der Rockhal fir opzeriichten.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top