Infoziedel Niklosmaart 2019

Fir Iech alleguer :

  • Niklosmaart

Wéi all Joer hu mir e Stand um Niklosmaart zu Péiteng. Mir sinn den 30 November an den 1 Dezember op der Maartplaz fir flott Arrangementer ze verkafen. Mir freeën eis op äre Besuch! Um Maart selwer si meeschtens wéineg Adventskränz ze verkafen, duerfir bestellt séier e Kranz per Telefon oder Email beim Anna Monaco (621 754 360, anna.monaco.1995@gmail.com ) fir och sécher een ze kréien. Kuckt dofir an der Annexe.

  • Cotisatiounen

Fir déi, di et nach net scho gemaach hunn: et ass nees un der Zäit fir de Joresbäitrag ze bezuelen. Des Sue ginn integral un de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerwisen. Duerch d’Bezuele vun der Cotisatioun ass äert Kand verséchert a kritt e puer mol am Joer eng Zeitschreft geschéckt. Iwwerweist w.e.g esou séier wéi méiglech 15 Euro fir dat eelst Kand an 12 Euro fir déi aner Kanner op eise Konto. Villmools Merci!

 P.S. D’Mataarbechter a Chef brauche kee Beitrag ze bezuelen, de Péitenger Grupp mëscht dat fir si als kleng Unerkennung fir hir Aarbecht.

LGS Péiteng  Grupp hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Vermierk: Cotisatioun an den Numm vun ärem(n) Kand/Kanner

Fir d’Biber :

Hallo dir léif Biber, de 16.11 hunn mir Versammlung vu 14h bis 16h um Prënzenbierg. Mir léieren do méi iwwert eise Kierper. A wann dir wësse wëllt wat mir an der Versammlung vum 23 November maachen, da kommt vun 14-16h op de Prënzebierg kucken. Den 30 November ass keng Versammlung well mir um Niklosmaart zu Péiteng sinn. Mee kommt roueg mat ären Eltere luussen! P.S. de Kleesche kennt och.

Fir d’Wëllef :

Dir léif Wëllef, den 16 an den 23 November ass Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg. Mir kucken emol wien vun iech méi schnell wéi säin Schied ass an am wilde Westen eens gëtt. Den 30. November ass Niklosmaart, do ass keng Versammlung. Dir kennt awer gär laanscht kommen an och dem Kleesche Moie soen.

Fir d’Avex :

Samschdes, de 16.11 an den 23.11 hunn mer Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Samschdes, den 30.11 ass keng Versammlung, well do ass Niklosmaart. Kommt op alle Fall laanscht bei eise Stand kucken.

Fir d’Carapio :

WICHTEG: den 20. November ass Umeldeschluss fir de Camp an de Funkraid – liest alles duerch fir dass der dat net verpasst.

Mir mussen den éischten Acompte fir den nationalen CaraPio Camp Slov’It un de Verband bezuelen. Dofir brauche mer vun iech virum 20. November eng éischt Iwwerweisung, déi och als Umeldung zielt:

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
150€
Vermierk: CaraPio Camp 1 [Numm vum CaraPio]

 De Verband rechent dass den Total pro Participant duerno 525€ ass. Mir probéieren fir d’Péitenger CaraPio de Präiss ze drécken, z.B. mat Kuchverkaf beim Theater. Wa mer op Ënnerstëtzung vun der Péitenger Gruppekeess hoffe pake mer natierlech och ëmmer zu vill bei der Pabeiersammlung eng Hand mat un.

 Vum 11. bis den 12. Januar 2020 ass de CaraPio Funkraid: “Een Nuets-Hike mat Funk-Guidage: Crashcours an Orientatioun (Kaart a Kompass), Crashcours an Funkkommunikatioun, Orientéirungslaf  bei all Wieder duerch d’Land, Gruppenchallenge a klengen Ekippen 4-6 Leit… Een Erliefnis wat sécher hänken bleift.“ (https://carapio.lgs.lu/2019/09/24/carapio-funkraid-2020/) Et gi just 60 Plazen, dofir brauche mer är Umeldung per Virement virum 20. November. Maacht w.e.g. e getrennte Virement fir de Camp an de Funkraid. (Mir gi just wann op mannst 2 Leit sech umellen.)

 LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
40€
Vermierk: CaraPio Funkraid [Numm vum CaraPio]

 Dir hudd eng nei Entreprise gewielt: bis Chrëschtdag baue mer un enger Seefekëscht. Eis nächst Versammlunge sinn um Prënzebierg, Samschdes vu 14:00-16:00, den 16., 23. an 30. November. Sicht no Pläng vu Seefekëschten a bréngt se mat. Wee wëll kann och nach emol säi Scoutsmaterial matbrénge fir et ze gravéieren. An der Woch vum 25. – 29. November hëllefe mer um Prënzebierg bei de Virbereedunge vum Chrëschtmaart. Kuckt dofir bei “Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Matarbechter, Chef a Guildememberen”.

Fir d’RaRo:

Mir hunn den Samschden 16.11 an den 23.11 normal Versammlungen. Duerno gëtt är Hëllef beim Wéckele vun de Kränz an um Niklosmaart gebraucht. Kuckt dofir bei „Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde a Mataarbechter“.

Fir d’Albatrossen:

Denkt drun de 15 November ass Versammlung um 20h um Bierg. Save the date: vum 14-15 Dezember maache mir eis Ralba-Montee hei am Land. Infoe kommen no. Kuckt och bei „“Fir all d’Carapio, RaRo, Albatrossen, Mataarbechter, Chef a Guildememberen”.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

 Fir äis Adventskränz-Aktioun schaffe mer an der Woch vum 25-29 November vu Méindes bis Donneschdes all Owend vun 18°° un um Bierg. De Freiden 30. November ass Rdv um 18:30h zu Rodange bei der Garage fir Material vun eisem Stand opzelueden. Um Niklosmaart selwer, de Samschden 30.11 bis de Sonnden 1.12. brauche mir och deng Hëllef fir op-an oofzerichten a fir ze verkafen.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top