Programme vun der Guilde: November-Dezember2019

Ce n’est qu’un au revoir
Den 13. Oktober 2019 huet eise laangjärege Member
d’ Marthe Steimenz – Reiles eis am Alter vun 93 Joer
fir ëmmer verlooss.
Hierer Famill drécken mir eist häerzlechst Bäileed aus.
Mir wäerten d’Marthe a gudder Erënnerung behalen.

Mëtt. 27.11. Assemblée générale

Péitenger Guilde ass op d’Assemblée générale de l’Entente des organisations catholiques agelueden ginn. Dëst fënnt den Mëttwoch, 27.11. um 19h zu Péiteng am Home statt.

Méi. 25.11. – Donn 28.11 Bastelen vun Adeventsdekoratioun
All Owend ab 19 Auer gëtt am Chalet un der Adventsdekoratioun fir den Crëschtbazar gebastelt.

Sam. 30.11. & 01.12.: Chrëschtmaart
Wéi all Joers hunn d`Péitenger Scouten ee Stand um Péitenger Chrëschtmaart. Dir sidd häerzlech wellkomm ee waarmen Téi drenken ze kommen. Natierlech ginn och wonnerschéin selwergemaachen Adventskränz verkaaft.

Mëtt. 04.12.: Keelenowend am Café Muller zu Lampech
Den leschten Keelenowend am Joer gëtt nees eppes Besonneches ! Dowéinst gëtt et virum spillen ee gudden Menü z’iessen.
Et gëtt Fierkelhämmchen am Deeg mat Kaffi an Dessert fir 22 €.
Rdv ass um 18 :45 Auer. Mellt iech bis den 27. November beim Martine un (621 414 040).

Sam. 07.12.: Pabeiersammlung
Rendezvous um 8:30h um fréiere Site Eucosider. Merci fir är Hëllef.

Méi. 16.12.: Comité.
Um 20:00h am Home

Sam. 21.12.: Traipenfriess
Traditionell fënnt den 21. Dezember eis Traipenfriess statt. Éier mir iessen, maachen mir nach eng Réi optional Aktivitéiten.
Mir treffen eis um 14 :45 Auer virum Ausstellungszelt um fréieren Site vum Lycée Mathias Adam, rue Batty Weber zu Péiteng, fir d’Ausstellung ‘Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich kucken ze goen.
Dono ginn mir zesummen vir 17 Auer zu Péiteng an d`Kierch, fir d’Mass mat Verdeelen vum Friddensliicht.
Schlussendlech treffen mir eis um Prenzebierg am Chalet. RDV ass um 18 :30 Auer fir eng Chrëschtveilée, dono gëtt et wéi üblech
Traipen z’iessen. Vegetarier sin natierlech och wëllkomm, sot just bei der Umeldung Bescheed, fir dass eng Alternativ organiséiert a gekacht kann ginn. Umeldungen beim Martine um 621 414 040 bis den 14.12.2019.

Sam. 11.01.2020: Pabeiersammlung
Rendez-vous um 8:30h um fréiere Site Eucosider. Merci fir är Hëllef.

21. – 27. Dezember 2019 : Wanteraktioun bei der Croix-Rouge
Séit 2001 hëlleft Croix-Rouge dem Familljeministère den Sans-abri een Mëttesiessen ze verdeelen. Bei dëser Aktivitéit, genannt Wanteraktioun, ginn all Joers Fräiwëlleger gesicht fir ze hëllefen. Dëst Joer hellëfen mer vum 21. bis den 27. Dezember vun 11.30 bis ong. 14.30 Auer d’Iessen ausdeelen. Wann der mathellëfen wëllt, mellt Iech beim CHRISTELLE (691 930 641) an gitt un, wéi eng Deeg Dier dobäii sidd.

Wëllt dir nächst Joer mat den Guildememberen an eng Vakanz goen ? Iddi ass em Päischten vir ongféier 4 Nuechten an d’Vogesen ze fueren. Bei Interessi mellt Iech unbedingt sou schnell wéi méiglech beim Marianne (691 910 294).

Mir wollten en Opruff maachen,
fir eis ze hëllefen kleng Gadgeten
ze sammelen fir an eis Virwëtztuten,
déi mir all Joer um Scoutstheater verkafen.
Mellt iech beim Martine (621 414 040)

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top