Wanter Charity Hike 2020

Infoziedel Charity Wanterhike Februar 2020

Fir Iech alleguer :

Charity Wanter Hike:

All 3-4 Joer gëtt et bei de LGS d’Méiglechkeet fir Raro a fir Chef un enger Odyssée deelzehuelen. Eng Odyssee ass en Camp, deen et de  Jonken erméiglecht en Austausch mat Jonken aus enger anerer Kultur ze hunn, hautno ze erliewe wéi d’Liewen an anere Länner ausgesäit an zesummen ze schaffe fir Verännerungen am Gaaschtland ze bewierken. Dëst Joer ginn d’Odysséeën a Bolivien, Georgien an an de Senegal. All Participant a Staffmember bezillt d’Rees an den Openthalt selwer. D’Chantieren (Material fir Bau a Renovatioun) ginn duerch Spende finanzéiert. Wëll e puer vun eise RaRo a Chef matginn, wëlle mir als Grupp hëllefen, a maachen den 8. Februar beim Wanter Charity Hike 2020 zu Miersch mat (https://raro.lgs.lu/wanter-charity-hike-2020/).

Wanter Charity Hike 2020
Wanter Charity Hike 2020

D’Iddi ass dat d’Kanner/di Jonk an hirer Famill/Frëndeskrees Sponsore sichen, déi pro getrëppeltem Kilometer eng kleng Somme spenden. Den Dag selwer ginn d’Kanner/di Jonk en Trëppelwee a sammelen op Statioune „Kilometerpunkten“. Fir déi di net esou wäit kënnen oder wëllen trëppelen, ginn et och Kiermesspiller, wou si „Kilometerpunkten“ kënne gewannen. Fir Sponsoren ze fanne luet iech d’Lëscht als PDF ënnen op der Säit https://raro.lgs.lu/wanter-charity-hike-2020/patter-giedel-system/ erof. D’Chef verdeelen och eng Lëscht an der nächster Versammlung.

Fir d’Biber :

Den 1. Februar ass aus organisatoresche Grënn keng Versammlung. Den 8. Februar ass Charity Wanterhike. Mir gi zesumme mat de Wëllef mam Zuch op Miersch wou d’Mathilde op Iech waart an zesumme mat Iech de Wee trëppelt. Mellt Iech w.e.g. beim Anna (621 754 360) un a  sicht fläisseg Sponsoren an der Famill. Kuckt dofir bei „Fir Iech alleguer“.
Dann ass gläich den Theater ugesot: eis Prouwen sinn ëmmer Méindes a Mëttwochs vun 16:30-18h zu Péiteng am Home St. Hubert. Di genau Deeg sinn: 10.02, 12.02, 24.02, 26.02, 02.03 an de 04.03. Mellt Iech och do beim Anna (621 754 360) bis den 3. Februar un ob dir um Theater deel huelt oder net.
An der Vakanz, den 15. an den 22. Februar sinn keng Versammlungen.

Fir d’Wëllef :

De Samschden 01.02 ass eng klassesch Versammlung vun 14-16h um Prënzebierg.
Den 08. Februar gi mir dofir ob den Charity Hike. Mir treffen eis um 13h00 zu Péiteng ob der Gare a si géint 18h15 erëm do. Dir braucht ee klenge Rucksak mat Bidon, Pic Nic, 5€ Täschegeld. Ditt äre Foulard an Trëppelschong un an vergiesst net är Lëscht mat de Sponsoren (Kuckt bei „ Fir Iech all“). Mellt Iech och beim Alex un.

Deemnächst ass et esou wäit, mir spillen zesummen Theater. Wann dir elo scho wësst dass dir sécher matspillt kennt dir iech scho beim Alex un mellen. Eis Prouwen sinn Dënschdes an Donneschdes vun 18:45 bis 19:45 am Home St. Hubert zu Péiteng. Déi genau Deeg sinn: 4.02, 06.02, 11.02, 13.02, 25.02 , 03.03, 05.03.  An der Vakanz, den 15. an den 22. Februar sinn keng Versammlungen.

Fir d’Avex :

Samschdes den 1.02 hunn mer normal Versammlung vun 14:00-16:00. Mir schaffen un eise Fotosrummen an um Theater.

Samschdes, den 8.02 gi mer op den Charity Wanterhike zu Miersch. Start ass um 13:00 zu Péiteng op der Gare. Zeréck si mer géint 18:15 rëm zu Péiteng op der Gare. Unzedoen ass de Foulard an Trëppelschong. Matzehuelen ass e klenge Rucksak mat engem Bidon Waasser, eventuell e bëssen Täschegeld an de Pätter/Giedel-ziedel (deen fannt der op https://raro.lgs.lu/wanter-charity-hike-2020/patter-giedel-system/ oder kritt en an der nächster Versammlung).

Eis Theaterprouwen sinn den 25.02 / 28.02 / 3.03 / 5.03 am Home St. Hubert zu Péiteng, all kéiers vun 17:00-18:30.

Fir d’Carapio :

E Samschden 1. Februar hu mer normal Versammlung vu 14:00 – 16:00 um Prënzebierg.

De 5. Februar ass eis éischt Theaterprouf. Eis Prouwe sinn ëmmer am Home St. Hubert (52 rue de l’Église) vun 18:30 bis 19:30 op dësen Deg: 5.2., 12.2., 26.2., 28.2., an 4.3.

E Samschden den 8. Februar gi mer op den RaRo Wanter Charity Hike zu Miersch beim Home St. Michel. Umeldung ass per SMS un de Gilles bis den 31. Januar. Denkt drun Sponsore fir är Lëscht ze fannen. RDV: En Zuch vun der Péitenger Gare aus fiert um 9:15 an d’Stat (RB 4734), dee musst der ouni Chef huelen. Treff mat de CaraPio Chef ass um 9:40 an der Stater Gare an der grousser Hal. Vun do aus fuere mer zesumme weider op Miersch. Well vläit net jiddereen d’selwecht laang wëll trëppelen ass kee fixe Retour geplangt. Fir den Heemwee kënnt der entweder mat den anere Branchen zesummen zeréck fueren (kuckt hir Deeler vum Infobréif) oder dir huelt eleng den Zuch zeréck op Péiteng.

De 15. Februar ass Pabeiersammlung, RDV um 8:30 um Site Eucosider.

Den 4. Abrëll ass JoCaPi zu Dikrech. Dat ass en nationale CaraPio Rally vu Moies fréi bis an de fréien Owend. Mir maachen wann et méiglech ass eng Ekipp zesumme mat de Kärjenger CaraPio, mat deene mer och um Summercamp wëllen zesumme schaffen. Offiziell Säit vun der JoCaPi: https://carapio.lgs.lu/2020/01/19/jocapi-2020-zu-dikrich/ E puer Fotoen vun 2013: http://lgspeiteng.lu/fotoen/nggallery/2013bis/20130414-jocapi Umeldung ass per Virement bis den 10. Februar 2020.

LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
15€
Vermierk: JoCaPi [Numm vum CaraPio]

Als Erënnerung fir op de Kalenner: de 17.-19. Abrëll ass Iron Scout. Detailer zum Weekend an zur Umeldung kommen no.

Fir eise Summercamp ass et Zäit fir den zweeten Acompte, maacht de Virement bis de 10. Februar.

LGS Péiteng Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
200€

Vermierk: CaraPio Camp 2 [Numm vum CaraPio]

Fir d’RaRo :

Den 1. Februar hu mer eng Versammlung wou mer zesumme kachen an iessen an duerfir bleiwe mer bis 19h zesummen um Bierg. Den 8. Februar ass keng Versammlung well mir op de Charity Wanterhike gi. Detailer kläre mer dofir an der nächster Versammlung. Den 15. Februar ass dann Pabeiersammlung, RDV um 8:30 op der Eucosider. Mëttes ass keng Versammlung well Vakanz ass.

 Fir d’CaraPio, RaRo, Albatrossen, Chef, Guilde an Mataarbechter 

Den Samsden 15. Februar as Papeiersammlung. R.d.v. wie gewinnt um 8:30h op der Eucosider. Elo schons Merci fier äer Hellef.

Fir d’Chef:

De Mettwoch 12. Februar as Grupperoot um 20h am Avexsall.

 

 

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top