Scoutsziedel bis no der Ouschtervakanz

Fir Iech alleguer:
Dëst ass de läschten Ziedel bis no der Ouschtervakanz, duefir profitéiren ech elo schons fir Iech all eng schéin Vakanz an frou Ouschteren ze wënschen. Ouschtersamschden machen d’Scouten géint 20°° e Feier firun der Kiirch. Un dësem Feier gëtt d’Ouschterkärz ugefong. Jidereen wou Loscht huet ass härzelechst invitéiert derbei ze sin. R.d.v.: Ouschtersamschden, den 11. Abrëll um 19.45 Auer an Uniform firun der Kiirch. (Duerno gi mir natirlech och mat an d’Mass.)
Fir all d’Wellefcher:
Mir hun den nächsten Samschdeg, den 21. März, vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Wéi ugekennegt, hun mir vum 28. bis den 29. März e W.E. Rendez-vous ass Samschdes den 28. März um 13°° zu Péiteng op der Gare. Den Zuch fiert um 13.10 Auer fort. Sonndes den 29. März si mir erem um 16.50 Auer zu Péiteng op der Gare. Mathuelen: Schlofsaack/ Pyjama/ Ennerwäsch/ Gezei fir all Wieder/ Dëck Schung/ 2 Zuchtickéen, Gummishändchen (wéi een der brauch fir ze botzen oder ze spullen, mir brauchen déi fir een Atelier/déi ausgefëllten Fiche médicale. Verpackt alles an engem Rucksack oder Sportskuerf. Net mathuelen: Wertsaachen/ Handy. Mellt iech w.e.g beim Lena oder beim Claude bis den 21.März un.
Claire, Alex, Lena an Claude
Fir all d’AvEx:
Salut dir Réimer a Gallier. Déi 2 nächst Samschdeger, den 21., an den 28.März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Annik, Gilles, Charel, Mandy, Guy, Sven an Fredy
Fir all CaraPio:
Déi 2 nächst Samschdeger, den 21., an den 28.März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Den 21. März ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi ëmmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss.Mir zielen op iech!!!! Sonndes, den 5. Abrëll organiséiert d’Por Péiteng e besënnlechen Owend, den I like to move it!. Daat ganzt geet um 19°° beim Home un, an dauert ongeféier bis 21°°. Dess Aktivitéit ass fir déi Jugendlech aus der Gemeng Péiteng geduecht, do därfen mir jo natiirlech net fehelen.
Lukas, Yannick, Mich an Béa
Fir all d’RaRo:
Déi 2 nächst Samschdeger, den 21., an den 28.März hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Den 28. März kënnt eng Madame aus dem Cap Vert op Besuch sie gëtt eis Informatiounen déi fir eisen Camp wichteg sin. Den 21. März ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi emmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Mir zielen op iech!!!! Den 5. Abrëll ass et dann esou weit dann fänkt d’Abenteuer CapVert un.
Mym.Joel, David an Lex

Fir all d’Matarbechter …..:
Den 21. März ass Pobeiersammlung. R.d.v wéi emmer um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir all Hëllef

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top