Scoutsziedel bis den 28. Mee 2011

Fir all d’Wellefcher:
Déi nächst zwee Samschdeger, den 14. an 21. Mee hu mir vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Bierg. Den 28. Mee, an der Päischtvakanz, gi mir zesummen an d’Piko Schwemm. Rendezvous ass mat Uniform a Foulard um 13:30 Auer beim beim Staatshaus. Retour ass um 17:50 op der selwechter Plaz. Dir musst matbréngen: Schwammbox / Maillot, Wäschsaachen, Buedduch, Busticket(en) oder Jumbo-Kaart fir den Aller-Retour an e  bëssen Täschegeld (net méi wéi 5 Euro).  De Grupp bezilt d’Entrée.
Léif Gréiss Är Chef

Fir all d’ AvEx:

Ahoi dir Piraten! Déi nächst zwee Samschdeger, den 14. an 21. Mee hu mir vun 14:00 bis 16:00 Versammlung um Bierg. Den 28. Mee, an der Päischtvakanz, gi mir zesummen an d’Piko Schwemm fir aus iech Landraten richteg Matrousen ze maachen. Rendezvous ass mat Uniform a Foulard um 13:30 Auer beim beim Staatshaus. Retour ass um 17:50 op der selwechter Plaz. Dir musst matbréngen: Schwammbox / Maillot, Wäschsaachen, Buedduch, Busticket(en) oder Jumbo-Kaart fir den Aller-Retour an e bessen Täschegeld ,net méi wéi 5 Euro.  De Grupp bezilt d’Entree.
-Arr! Är Käptns.

Fir all CaraPio:
Samstag 14.05.2011 Versammlung von 14 – 16 Uhr. Seifenkistenbau: bringt Werkzeug, Material und Baupläne mit.
Samstag 21.05.2011: Moies ass Pobeiersammlung, macht et wéi déi läschte Kéier a kommt zu viiiiillll hëllefen! Nomëttes: Versammlung von 14 – 16 Uhr Seifenkiste und Vorbereitung.
Peischtweekend 28.-30.05.2011 um Neiheisgen. Fir de Peischtweekend kritt dir eng Mail vum Lukas

Fir all RaRo:
Salut, mir hun den 14. 21. an 28. Mee all Kéier vun 16°°-18°° Versammlung um Bierg. Wann’s Du wells mat op de RaRo Camp goen, dann iwerweis w.e.g. 50 Euro op de Compte vun de Péitenger Guiden a Scouten: LGS Grupp Hl. Franz vun Assisi BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000 mam Vermierk: RaRo Camp a mat ärem Numm.

Fir all d’Matarbechter, Chef, d’RaRo an d’CaraPio:
Den 21. Mee ass Pobeiersammlung. R.d.v ass wéi gewinnt um 8.30 Auer op der Léngerstrooss. Hoffen DU bass derbei. Elo schons MERCI!

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top