All posts by Fredi

AvEx Camp-Ziedel

Léif AvEx, Léif Elteren,

Lues a lues kënnt di grouss Vakanz mi no an domat och eisen Camp deen wéi der wësst dëst Joer um Kuelbecher Haff bei Miersch ass.

Den Präis vum ganzen Camp ass 150 € . Dei gitt der zesummen mat der Fiche médicale of.
Fiche médicale -> http://lgspeiteng.lu/lb_LU/doc

 

Hei dann elo nach weider Detailer:

Depart: Samstes, 16. Juli 2016 sidd dir gebieden äert Kand fir 11:00 Auer op d’Mierscher Gare ze bréngen, wou Chef iech mam Auto dann um rechtlechen Wee begleeden, well et bëssen méi komplizéiert ze fannen ass. (Denkt un är Uniform + Foulard an de Pic-Nic fir de Samstes Mettes!)

Retour: Sonndes, 24.Juli 2016 sidd dir gebieden äert Kand fir 13:30 Auer op de Kuelbecher Haff nees sichen ze kommen.

Kontakt: Falls een Noutfall sollt sinn kënnt dir eis all Zäit iwwer Telefon kontaktéieren. (Fredi: 621472510, Gilles: 621688422))

Nach Froen?   Frot an der Versammlung no oder mellt iech iwwer Telefon.

 

Materiallëscht:

WICHTEG: Markéiert är Saachen virun allem d’Gamelle an d’Besteck, vill Leit hunn dat selwecht!

– Ënnerwäsch fir all Dag ze wiesselen
– Strëmp fir all Dag ze wiesselen
– Wanderschung (Am beschten undoen fir dohin)
– Uniform an Foulard (Hu mir un wann mir ukommen)
– Normal Schung oder Turnschlappen
– Gezei fir all Wierder
– Sonnekap oder –hutt
– Sonnecrème
– Spray géint Moustiquen- Wäschsaachen
– 3 Kichendicher
-Carrymatt/Loftmatratz
-Schlofsak
– K-Way
– Schwammsaachen (dir braucht KENG Schwammkap MAIS eng enk Schwammbox fir d’Jongen!)
– Bidon
– Becher a Gamelle mat Besteck
– Täscheluucht
– Täschemesser
– AvEx Pass
– Täschegeld
– 1 klenge Rucksak dee sech gutt dréit fir den Hike
– Pic-Nic
– Medikamenter falls der gebraucht ginn
– Perséinleches
– Bic a Bloc

– Fiche médicale

Wäertsaachen an Séissegkeeten sollen doheem bleiwen!

AvEx Camp Info-Ziedel

Leif Avex, Leif Elteren

Guide/Scoutsjoer as elo eriwwer an zum Schluss gin mir geschwenn zesummen mat den Käerjenger Avex op den nationalen AvEx-Camping. Eis als Chef deet et Leed, dass mir d’Informatiounen reicht virun e puer Deeg kruten an dir als Elteren lo bessi Stress hudd.

Hei wichteg Informationen:

Weini? :    vun dem 23 Juli bis den 02 August.

Wou ?:     zu Leideleng an enger grousser Wiss direkt bei der Gare

Départ ?:   RV as Mettwochs den 23 Juli um 10:00 op der Peitenger Gare an (Hiem a Foulard) an engem gudd gepacktenen Rucksack. Wen eng Jumbo huet soll dei mathuelen.

Retour ?:      RV Samschdes den 02 August geint 15:15 rem zu Peiteng op der Gare wou dir iecht Kand sichen kommt.

Weider Infos :  

  • Sonndes, den 27.07, ass Kiermes vun 14:00 bis 18:00 um Camp. Do ass jiddereen wellkom!!! Detailer zum Wee wei der op de Camp kommt, stinn um Flyer hei derbai
  • Nummer wei der de Fredi während dem Camp areecht: 621 47 25 10  W.E.G. just teschent 18:00 an 20:00 uruffen an och just wann et wichteg ass.
  • Fiche Médicale muss komplett ausgefellt ginn (et ass e Link dovunner e bessen mei wait ennen). Eng Kopie vun der Impfkaart an eng Kopie vun der Carte de Sécurité Sociale muss och derbai sinn.
  • Mir Chef brauchen och eng “Autorisation Parentale” vun ierch Elteren, well mir een Daag an Daitschland wärten verbrengen. Dei kritt een op der Gemeng, an där Gemeng wou dir wunnt. Hei dei Infoen, dei dir braucht fir desen Ziedel ze kreien:

Numm vum verantwortlechen Chef:              Frédéric Feller                             Plaatz wou mir higinn:                                             Saarbrücken / Deutschland Datum:                                                                              30.07.2014

Wann dir all dei Dokumenter zesummen hutt, scheckt dir se op folgend Adress:

   Frédéric FELLER                                                                                                                       4, an der Prenzewiss                                                                                                             L-4786 PETANGE

Dir kennt se natirlech och einfach sou an d’Boite geheien oder un der Hausdier ofginn.

Wichteg!!! Daat ganzt muss de Fredi bis den 21.07.2014 hunn.

 Hei fannt dir nach eng Lescht wat alles an den Rucksack kennt an d’Fiche médicale. Op folgenden Link klicken fir d’Fiche Médicale op ze maan  F09A_fiche_medicale_enner_18_joer (1)

Lescht wat alles an den Rucksack kennt:

  • Pic-nic fir den eichten Metten
  • All d’Saachen kommen an eng Dreckstut déi an de Rucksak kënnt fir dass d’Saachen net naass ginn.
  • E klenge Rucksak
  • Schlofsak, Loftmatraz oder Carrymatt (keen Feldbett)
  • Schwammsaachen (fir d’Jongen eng enk Schwammbox)
  • Wäschsaachen (Zähnbiischt, Seef, etc.) Sonnecrème, eppes géint Musticken
  • Wäschdischer an Läppecher
  • 2 Spulldicher
  • Kleeder fir all Wierder, eng Kap oder en Hutt, Ënnerwäsch, Ersatzkleedung
  • Reejacket (evt. Reebox)
  • Agetrëppelt Biergschung an ee Puer bequem Schung
  • Iess-Geschir (Gamelle, Besteck, Becher)
  • Bidon
  • Bic an Block
  • Avexpass
  • Täschemesser
  • Täscheluucht, Ersatzbatterien
  • Medikamenter fir déi déi der mussen huelen (engem Chef op der Gare ofgin).
  • Portemonnaie mat e bessen Täschegeld, well um Camp gett et e klenge Shop wou der Seissegkeeten, Jus, etc. kennt kaafen
  • KENG Wäertsaachen ( Gameboy, Ipod, etc..)

 Bis dann soen är Chef