All posts by Gilles

CaraPio Wanterhike 2020

Léif CaraPio,

De Wanterhike vu CaraPio Süden ass dës Kéier vum 18. bis den 19. Januar 2020. Umeldeschluss per Virement ass de 26. Dezember 2019. Mir wanderen a maache flott Spiller ënnerwee op de Posten.

Ufank ass Samschdes 18.1. um 9:00 zu Péiteng beim Kierfecht, Schluss ass Sonndes 19.1. um 18:00 op der selwechter Plaz.

Dat hei musst der mathuelen: déck Schong (KENG Turnschlappen!), waarmt Gezei fir ze wiesselen, e waarme Schlofsak (mir schlofen um Fond de Gras an enger Hal déi net gehëtzt ass), Carrymatt o.ä., Täscheluucht an Täschemesser, Gamelle an e gefëllte Bidon, eng Secherheetsvest, e Bic, Tupperware fir um Schluss Iessensreschter mat heem ze huelen, Carte d’identité, Fiche médicale (eroflueden hei: http://lgspeiteng.lu/doc) an d’Dokumenter déi dozou gehéieren, an dat wat der soss esou braucht fir e Weekend ze wanderen.
Dat hei rode mer iech mat ze huelen, mä dir musst net: Ouerestëpp fir d’Nuecht, laang Ënnerwäsch, e Kompass.
Dir braucht näischt fir z’iesse mat ze bréngen.

Wann der kee waarme Schlofsak hutt oder soss Material feelt mellt iech w.e.g. beim Gilles a mir fannen eng Léisung. Probéiert net mat engem Summerschlofsak derduerch ze kommen.

Mellt iech un bis de 26. Dezember mat dësem Virement:

20€
LGS Péiteng Grupp hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU 67 0019 6803 7218 2000
Vermierk: CaraPio Wanterhike [Numm vum CaraPio]

Hei si Fotoe vun engem Hike virdrunn:

Fotoen: CaraPio Wandercamp 100 Joer Estland

De Wandercamp “100 Joer Estland” vun de Péitenger CaraPio war vum 17. – 26. Juli 2018. Dobäi ware 7 CaraPio an 2 Chef. Mir hunn an Tallinn ugefangen an eis uschléissend Wanderung huet eis op Plaze bruecht wéi Rõuma, Matsalu, Pärnu a Loksa.
Fotoe vum Gilles Glod a Claude Scholtes.

 

Theater 2018

Den 2. an 3. Mäerz spille mir Theater zu Péiteng am Home St.Hubert. Riddo ass um 19:30. Fir unzefänke spillt all Branche e kuerzt Stéck. D’Cheféquipe spillt Fraepensioun – oder Mord aus Versinn, e lëschtegen Dräi-Akter vum Jennifer Hülser, iwwersat vum Robby Zenner.

De Präis ass 10€ fir Erwuessener a 5€ fir d’Kanner. Déi Kanner wou matspille mussen natierlech näischt bezuelen, Kanner bis 6 Joer sinn och gratis. Reservéiert hinnen awer eng Plaz mat, sot just bei der Reservatioun dass et fir een ass wou mat Theater spillt oder nach keng 7 Joer huet.

Dir kennt Är Plaze vun elo un, um 621 814 883 reservéieren. Rufft w.e.g. eréischt no 18:00 Auer un!

 

Buch: Guiden a Scouten zu Péiteng

Geschichtsfuerscher No 8 Guiden a Scouten vu Péiteng
Geschichtsfuerscher No 8

Mat Freed kënne mer iech en neit Buch vir stellen vun den Amis de l’Histoire de la commune de Pétange dat d’Geschicht vun de Guiden an de Scouten zu Péiteng dokumentéiert, bis zeréck an hiren Ufank an den 1920er Joren.

 

 

Souscription “Geschichtsfuerscher no 8”
* Guiden a Scoute vu Péiteng *

Editeur: Les Amis de l’Histoire de la commune de Pétange
1, avenue de la Gare L-4873 Lamadelaine

Auteurs: Arnold Martin, Emile Angel, Lucien Schaaf, Léon Keiser.

Prix du livre: 30€.
Port 5€, gratuit dans la commune de Pétange ou sur ramassage
CCPL LU38 1111 2325 2718 0000 Les Amis de l’Histoire, Pétange

Hei drënner fannt der de Bestellschäin, deen der kënnt ausdrucken a schécken un les Amis de l’Histoire B.P. 37 L-4801 Rodange, oder dir klickt dëse Link fir eng Email ze schécken.

Commande du livre par:_______________________________
Addresse: ______________________________________________
Téléphone: _____________________________________________
Nombre de livres: ______________________________________

Les Amis de l’Histoire B.P. 37 L-4801 Rodange

Den Arny Martin seet op dëser Plaz och all de Leit Merci, déi gehollef hu fir déi éischt Exemplaren ze verkafen.

Fotoe vum GoUrban

Den internationale camp GoUrban vum 18. bis den 28. Juli 2017 um Kierchbierg. Fotografen: Claude Künsch, David Mazuel, Fernande Jourdan, Gilles Glod, Nadia Blasen, Claudine Bosseler, René Wersand, RaRo, Sascha Wolsfeld.

Dës Fotoen sinn aus dem Archiv vum GoUrban. Ech hunn déi gesicht wou eppes mat Péiteng ze dinn hunn. Méi Biller a Filmer vum Camp fannt der op https://www.facebook.com/GoUrban2017/, an op https://gourban.lgs.lu/fotoen/. Wann der nach a Bild begéint dat hei feelt da setzt a Link op dat Bild an de Kommentar.