All posts by Administrator

AvEx an der KuFa 2005 [Fotoen]

Wat vill Ofkierzungen! Also, eis Péitenger Aventuren an Explorer waren den 28. Mee 2005 bis op Esch Uelzecht an d’Kulturfabrik op Besuch, an en Atelier wou Leit mat enger Behënnerung schaffen. Mir hunn d’éischt am Atelier selwer geschafft: aus Leem goufe Saache gestalt, ënnert anerem Placken wou mer eis Hänn drop gedréckt hunn. Déi Placken goufen dono um Gaalgebierg am Bësch un d’Beem gehaangen, zesumme mat aneren Saache wou mir an d’Leit aus dem Atelier gemaach haten.

Ech mengen um Bierg hu mer enzwousch d’Fotoe leien wou mer d’Saachen ophänke waren. Wann ech déi eemol erëm fannen setzen ech se och an eis Galerie.

[nggallery id=18]

LGS Roadshow 2005 [Fotoen]

Hei e puer Fotoen vun der LGS Roadshow déi zu Esch Uelzecht am Summer 2005, den 25. Juli organiséiert gi war. Dat ganzt war am Haff vun der Brill Schoul. Hei konnten jonk Leit kucke kommen wat d’Scouten dann esou schaffen. Mir haten ënnert anerem eng Schmatt dobäi, an der mer Brandstempelen gehëtzt hunn, fir dass d’Kanner an déi Jonk hiren Numm op en Stéck Holz brennen konnten.

[nggallery id=17]

Montée 2005 [Fotoen]

2005 war den ganzen Grupp bis eriwwer an d’Frankräich (wou genau weess ech net méi, vläit kann jo ee mer an den Kommentaren op d’Spréng hëllefen) fir do eis Montée ofzehalen. Hei e puer lëschteg Fotoen vun deem Weekend.

Den 6. an 7. November ass jo d’Montée fir 2010, d’Detailer fir deen Weekend kommen demnächst!

[nggallery id=14]

Site update

Eisen Site gëtt aktualiséiert an kann kuerzzäiteg net komplett accessibel sinn.

Update: D’Aktualiséierung ass fäerdeg, et misst alles klappen, elo mussen nach e puer Saachen nogepréift ginn. Wann der en Fehler fannt, mellt ierch w.e.g. iwwer den Kontaktformular.

  • Kontaktformular iwwerpréifen
  • Kalenner iwwerpréifen
  • Cheflëscht aktualiséieren
  • “Mir siche Scoutstricker” eraushuelen

  • Registréierungsfunktioun iwwerpréifen
  • Avatar am Widget fir ugemellt Benotzer läschen
  • Widget fir ugemellt Benotzer iwwerpréifen
  • Chefberäich ariichten
  • Fotogalerie Funktiounen iwwerpréifen
  • Agenda Iwwersiicht: ‘more’ op ‘Am Detail’ iwwersetzen
  • Kontaktformular Bestätegung op Lëtzebuergesch iwwersetzen

Update 4.10.2010: Pardon fir déi wou sech net (méi) konnten aloggen, dat misst elo nees klappen.

70 Joer Scoutsresistenzler

Scouten an der ResistenzDen LGS Verbandscomité invitéiert op e Gespréich mat Zäitzeien vun dem zweeten Weltkrich:

70 Joer nodeem sech op der Escher Grenz couragéiert Scouten bereed soten, de Nazien d’Stiir ze bidden an an d’Resistenz ze goen, wëlle mer haut de Scouten vun deemols eng Stëmm ginn.

Rendezvous fir all interesséiert Memberen ass, an Uniform, den 7. Juli 2010 um 19:00 an der Géisserei. Méi Informatiounen iwwert den Evenement, souwéi Flyeren zum Thema fannt der um Site vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten: http://lgs.lu/node/566.

Liest och den interessanten Artikel “Scouten am Zweete Weltkrich.”