Wann et kribbelt a bäisst a soss keng Crème an der Géigend as kann een einfach e bëssen Zahnpasta op d’Platz wou et juckt schmieren. Wat een d’Pasta méi séier drop mëcht wann ee bis gepickt gouf, wat et besser hëlleft.
Wann een eng duerchsichteg kleng Plastikstuut mat Waasser fëllt, get dorausser eng Zort optësch Lëns. Déi vergreissert dat wat een doduerch gesäit. Wann een déi Tuut mat enger Ficelle ophänkt an se dann e bëssen rondrëmdréint kënnt et de Mécken fir wéi wann sech do eppes grousses géif bewegen an se halen sech aus deem Eck eraus.
Wann ee moies vum Chef aus dem Bett getrommelt get as et net fir lang ze trentelen. De Butték muss rullen. All Grond also dëse klenge Knuetstrick ze léieren, mat deem een mat e bëssen Übung d’Schung méi séier gestréckt kritt. D’Resultat as den normalen Schungknuet deen der warscheinlech schon all kennt, mee dat Ganzt geet méi féx vun der Hand.
Kuckt ierch dat ganz Schrëtt fir Schrëtt am Detail un, um Link hei drënner:
Dëst as den éischten Artikel aus enger Série vu Scoutstricken déi mer wëllen op d’Bee stellen. Wann mer genuch Material zesumme kréien, kënne mer regelméisseg flott Scoutstricker hei um Site firstellen. Wanns du ee gudden Trick oder Knëff kenns, so eis et iwwert den Kontakt Formular. Hei as dann eisen éischten Trick:
Eng Bananneschuel kéint hëllefen géint Spläiteren déi net sou richteg wëllen erauskommen. D’Enzymer an der Schuel hëllefen fir d’Spläiter lass ze kréien an fir dass d’Wonn méi séier heelt. Einfach e Stéck Bananneschuel iwwer d’Plaatz peschen a waarden. Dat selwecht hëlleft och géint d’Jucke vun Insektestëch. An der kënnt d’Schuel souguer huelen fir är Schung ze poléieren!