Category Archives: Scoutsziedel

Fir den regelméisseg verschéckten Scoutsziedel.

Scoutsziedel bis den 14.März 2009

Fir all d’Wellefcher:
Léif Wëllef,
Déi 2 nächst Samschdeger, den 7., an den 14.März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Hei sin nach e puer Virukennegungen: Den 28. an 29. März hu mir e W.E. De Wëllefchersrally ass den 5. Juli. Eise Camp ass vum 18. bis den 25. Juli.
Claire, Alex,Lena an Claude
Fir all d’AvEx:
Salut dir Réimer a Gallier. Déi 2 nächst Samschdeger, den 7., an den 14.März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg, wéi dir wësst starten mir eis nei Entreprise.
Annik,Gilles,Charel, Mandy, Guy, Sven an Fredy
Fir all CaraPio:
Salut alleguer,
Déi 2 nächst Samschdeger, den 7., an den 14.März hu mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg.
Lukas,Yannick , Mich an Béa
Fir all d’RaRo:
Salut alleguer,
Den 7. März hu mir vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Den 14. an 15 März hu mir e W.E.
Départ ass Samschdes moies um 9.26 zu Péiteng op der Gare, zeréck si mer Sonndes owes géint 18.00. Umëldung ass nët néideg. Paakt alles an wat een sou brauch fir e Weekend plus Ravi fir zwee Deeg an är Kachmaschinn. De Weekend kascht wahrscheinlech näischt, hut awer e puer Sou an der Tësch, ët wees ee jo ni.
Mym,Joel, David an Lex
Fir all d’Matarbechter:
Déi nächst Pobeiersammlung ass den 21.März

Scoutsziedel bis den 1.März 2009

Fir all d’Wellefcher: E Samschden den 14. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Den 21. an den 28.Februar ass keng Versammlung. Sonndes den 1. März hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun)
Fir all d’AvEx: E Samschden den 14. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Den 21. an den 28.Februar ass keng Versammlung. Sonndes den 1. März hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 15°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun)
Fir all d’CaraPio: E Samschden den 14. Februar hun mir vun 14°°-16°° Versammlung um Prënzebierg. Den 21. an den 28.Februar ass keng Versammlung. Sonndes den 1. März hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 14°° un um Bierg, an bleiwen do bis d’Buerg brennt. (Liest w.e.g och bei Invitatioun)
E Samschden den 14.2 ass och Pobeiersammlung, r.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir är Hëllef!!!
Fir all d’RaRo: E Samschden den 14. Februar hun mir vun 16°°-18°° Versammlung um Prënzebierg. Freides den 20.Februar fueren mir Fäschen sichen, Déteiler gin et e Samschden an der Versammlung. Sonndes den 1. März hëllefen mir d’Buerg oprichten, mir sin vun 10°° un um Bierg, a Nomëttes vun 14°° un. (Liest w.e.g och bei Invitatioun)
Fir all d’Matarbechter: E Samschden den 14.2 ass Pobeiersammlung, r.d.v wéi gewinnt um 8.30 zu Péiteng op der Lengerstrooss. Elo schons en dëcke Merci fir är Hëllef!!!