Category Archives: Sitenews

Fir wann um Site eppes geännert oder bäigesat gouf.

Technesch Detailer

Mir sin wéi gesot op WordPress MU gewiesselt. Fir déi wou un den techneschen Detailer interesséiert sin, erklären ech en bëssen wat elo alles um Site benotzt get (dann gesidd der och firwat ech esou lang fir d’Updates brauch). Den Theme, deen d’Ausgesin vum Site bestëmmt, as den Connections Reloaded 1.5 deen ech en bëssen verännert hun. Riets an deer Kolonn sin verschidden sougenannt Widgets, zB den WP Admin Bar Reloaded deen et méi einfach mecht fir eppes an d’Logbicher ze schreiwen wann een ageloggt as, den KB Countdown Widget deen am Moment weist wéi laang ech schon um Logbuch schaffen, an et wäerten der dann nach e puer dobäi kommen.

Startsäit & Logbicher

Mir hun d’Software gewiesselt, d’Logbicher lafen elo net méi op b2evolution mee op WordPress MU. Dat heescht dass ech denen Leit déi sech elo (nei) umellen endlech kann Rechter gin fir ze schreiwen! Leider sin nach e puer Saachen op Englesch an Däitsch, dat soll nach iwwersat gin…