Programm vun der Guilde: November-Dezember 2015

Sam. 14.11.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Sam. / Son. 14./15.: Aarbechtsweekend um Kuelbicherhaff [Org. Equipe Kuelbicherhaff]

Rendezvous: Samschdes um 9:00h an/oder Sonndes um 9:00h um Haff

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

Matbréngen: Schaffgezei an, wann ee wëllt do schlofen, Schlofsaachen wéi Schlofsak asw.

Umelle bis den 11.11. beim Claude Poensgen, GSM 621 294 348, wou Dir all Informatioune kritt.

Sam. 21.11.: Äscht schneiden [Org. Grupp]

Rendezvous um 9:00h zu Péiteng beim ale Pompjeesbau.

Méin. 23. – Frei. 27.11.: Schaffen um Prënzebierg [Org. Grupp]

Wickele vun Adventskränz a Bastele vun Adventsarrangementer déi um Niklosmaart verkaaft ginn. Rendezvous all Dag vun 19:00h un am Chalet.

Sam. / Son. 28./29. 11.: Niklosmaart virum Stadhaus, wou mir eis Dekoratiounen verkafen. Och hei ass d’Mataarbecht vun der Guilde wëllkomm, a sief et och nëmmen als „acte de présence“.

Méin. 7.12.: Comité um 20:00h am Home.

Mët. 9..12.: Keelenowend mat Agape

Rendezvous um 19:00h am Café Müller zu Lampech.

Menü: Choucroute bien garnie mat Dessert a Kaffi fir 21,00 EUR

Umelle bis Méindes, 7.12., 12:00h um Tel. 50 21 03 (Peiffer) oder Mail guilde-petange@pt.lu

Sam. 12.12.: Pabeiersammlung [Org. Grupp]

Rendezvous um 8:30h beim Chantier Alleva op der Léngerstrooss.

All Mataarbecht ass wëllkomm.

Sam. 19.12.: 14:00h Wanterwanderung iwwert de Prënzebierg

Rendezvous ënnen an der Belle-vue-Strooss (Coin-de-terre-Lokal)

17:30h Mass mat Friddensliichtfeier an der Kierch zu Péiteng, animéiert vum Grupp. [Org. Grupp]

19:00h Chrëschtveillée, am Chalet um Prënzebierg, animéiert vum Renée

Duerno: Träipeniessen

Mir organiséieren no der Mass eng Transportméiglechkeet fir déi, déi Problemer hu fir op de Bierg ze kommen; bei der Umeldung mat uginn w.e.gl.

Umeldung bis den 14.12. um Tel. 50 32 71 oder 621 414 040 (Schlottert) oder Mail jschlott@pt.lu

Ce n’est qu’un au revoir

De 7. Oktober 2015 huet eise laangjäerege Member Louis Weber eis am Alter vun 80 Joer no laanger Krankheet fir ëmmer verlooss. De Louis war säi Liewe laang en engagéierte Scout a Guildemember. Hien huet jorelaang aktiv bei eiser Lepra-Aktioun matgehollef. Seng grouss Passioune waren d’Astronomie, den Alpinismus, d’Photographie, d’Liesen, d’klassesch Musek, d’Sangen an d’Kachen. Mir wäerten hien a gudder Erënnerung behalen

 

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top