Scoutsziedel bis den 25. Juni

Fir iech alleguer:

E Donneschdeg den 23. Juni ass Nationalfeierdaag. D’Gemeng Péiteng huet e grousse Programm fir dest esou richteg ze feieren.Wéi all Joer huelen mir un de Feierlechkeeten déel.

Mir treffen eis an Uniform (wen eng huet) um 10°°Auer   zu Lamadelaine fir um Centre de Loisirs wou um 10:15 Auer de Cortège fier an den Te Deum lass geet. Dest Joer fiirt KENG Navette, d’Leit aus der Gemeng kennen den P-Bus bestellen Tel.: 80021251.

Nomettes mache mir vu 14°°-18°° Spiller am Park. All eis Memberen si natirlech invitéiert fir bis laanscht ze kommen a matzespillen. De ganze Programm vun der Gemeng fannt dir op: www.petange.lu Fir all d’CaraPio, RaRo, Guildememberen, Matarbechter: Déi Leit déi wellen bei de Spiller hellefen sollen sech beim Claire um 691 68 39 99 mellen. Mir treffen eis um 13:30 beim Staatshaus. D’Chef si vun 9.30 un am Asatz r.d.v fir um Staatshaus

 

Fir all d’Biber:

Dir léif Biber, et bleiwen nemmen nach zwee Elementer iwreg fier eis Versammlungen, “Feier” an “Erd”. Mee den 18. Juni gin dei, dei sech ungemellt hun, op den Bibermud. Daat heescht et ass den 18. Juni keng Versammlung um Bierg. Den 25. Juni hun mer erem Versammlung vun 14:00-16:00 um Prenzebierg, do muss der ierch dann iwerraschen loossen 🙂 Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir all d’Wëllefcher:

Dir léif Wëllefcher eis nächst grouss Aktivitéit as natierlech den Summercamping. #matStäbecheriessen Deen as vun dem 17ten Juli bis den 22ten Juli um Kuelbecher Haff. #Ninja Et wär gutt sech dofir sou frei wei meiglech beim Alex (691 177 773) unzemellen. Bis dohinner hun mir nach epuer interessant Versammlungen, wou mir iech e puer Scoutstechnicken mei no brengen. Ausserdem hun mir nach een ominéist Pistenbichelchen, an e puer Leit mussen nach hieren Foulard kreien. Dir gesidd et gett vill ze din. #Geisha. Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir all d’AvEx:

Salut AvEx, Samschdes den 18. Juni hun mer normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Samschdes den 25. Juni starten mier eis läscht Expeditioun “Weltrees” virum Camp, et ass also erem Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir all d’CaraPio:

E Samgden 18. Juni ass normal Versammlung vun 14:00-16:00 um Prënzebierg. Mir setzen déi Aktiviéiten, déi mer a Stockholm wëlle maache fest, a stellen eist Camp Buch zesummen.
E Samgden 25. Juni ass keng Versammlung well är Chef sinn am Ausland oder op der Aarbecht.
E Méinden den 27. Juni ass den Delai fir den drëtten a leschte Virement fir de Camp a Schweden ze maachen. De Camp kascht all Participant 400, et bleiwen also nach 100 ze bezuelen.

LGS Péiteng  Grupp Hl. Franz vun Assisi
BCEE IBAN LU67 0019 6803 7218 2000
100€
Mentioun « Schweden 3 [Numm vum CaraPio]

Um nächsten Ziedel schreiwe mer iech nach eemol déi wichteg Informatiounen op, déi mer an der Informatiounsversammlung ugeschwat hunn. Wann der elo scho wëllt d‘Autorisation parentale bei der Gemeng ufroen, gitt folgend Donnéen un: en compagnie de: Gilles GLOD, Christophe BINTENER, Destination: Suède, Autorisation valable à partir du: 18.7.2016, Autorisation valable jusqu’au: 26.7.2016

Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir all d’RaRo:  

Léif RaRo, mier hun déi läscht Keier vum Hardcore Blimmi Badge geschwaat, deen mer wëllen bei der Montée asetzen, an wären frou do rem eng Initiative ze starten. Dofir sollt dier ierch kreativ Challengen fier den Badge ausdenken an déi di next Versammlungen präsentéieren.
Den 18. an 25. Juni hun mier also wéi gewinnt Versammlung um Bierg vun 16-18 Auer.  Fier d’RaRo-Montée, bieden mier Ierch an der nächster Versammlung d’Location an den Datum endgülteg ze confirméieren, domat Organisatiouns-techensch déi éischt Preparatiounen kennen ufänken. Kukt och bei: „fier iech alleguer“.

Fir d‘Chef:

Kukt bei fier iech alleguer.

Den 29 Juni as Gruppenroot um 20:00 Auer beim Guy doheem.

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top