Scoutsziedel fir de Juli an August

1) Fir Iech alleguer:

Dest ass de läschten Ziedel fir dest Scoutsjoer, duefir ass en och een extra groussen.
Ech wenschen Iech alleguer e flotte Camp an eng schéi Vakanz!

 

2) Fir all d’Biber:

Moien Biber, Samschdes den 2. an den 9. Juli ass normal Versammlung um Bierg vun 14:00-16:00

Vum 15-18 Juli ass et dann endlech esou weit, mir gin op de Summercamp den zu Suessem ass. Folgendes sollt dir mathuelen:

  • Foulard
  • Schloofsaack
  • Täscheluucht
  • Bidon mat Waaser
  • Täschemesser (wann der eent hudd)
  • Pyjama
  • Kleeder fir ALL Wieder
  • fest Schong fir dobaussen
  • Schlappen
  • Kichenduch
  • Wäschsaachen
  • (falls neideg Medikamenter)
  • Maillot/Schwammbox
  • en klengen Rucksaack
  • eng Kopie vun der Impfkaart
  • eng Kopie vun der Carte d’Idendité
  • an eng Fiche medicale déi fannt dir ënner lgspeiteng.lu/doc

Den Camp kascht 65€ (wann méi Kanner aus der Famill mat eisem Grupp op de Camp gin, dann bezillt den eelsten de volle Preis, déi aner bezuelen 20 Euro manner)
Den Treffpunkt ass den 15ten zu Suessem beim Chalet um 18:00 (18, rue du château L-4992 Sanem ) An den 18ten och rem zu Suessem am Chalet um 17:30

 

3) Fir all d’Wellefcher:

Dir leif Wellefcher elo geet alles ganz schnell, d’Joer as gleich eriwer an hei sin dei lescht Infos dei dir nach sou braucht:

Samschden 2ten Juli gee et em den Mowgli an d’Emwelt, fennt heen den Wee an wees heen wou alles hi kennt?! Mir treffen eis dofir vun 14h00 bis 16h00 um Prenzenbierg.
Samschden 9ten Juli geet et em dem Mowgli sein Geheimnis. Bas du fit a clever genuch dohannert ze kommen?! Wéi gewinnt vun 14h00 bis 16h00 um Prenzenbierg.
Daat war dann och schon die läscht Versammlung vum Joer an dono geet et op den Camping.

Camping:
Deen geet vun Meindes dem 18ten Juli 11h00 bis Freides den 22ten Juli 16h30. Daat ganzt spillt um Kuelbecher Haff. Et wär super gutt wann d’Elteren hier Kanner kéinten brengen an sichen kommen, ansonsten arrangeiren mir Chef eis mat iech. (691 177 773)

Präis: De Camp vun den Wellef kascht 110 Euro. Wann mei Kanner aus der Famill mat eisem Grupp matgin bezillt deen eelsten den vollen Preis, dei aaner 20€ manner.

Unmellen: Mellt iech weg bis den 02. Juli beim Alex un. (691 177 773)

Mathuelen:

  • Eng Kopie vun der Impfkaart
  • Kopie vun der Carte d’Idendité
  • d’Fiche médicale déi fannt dir ënner lgspeiteng.lu/doc
  • Pistebichelchen
  • Wäschsaachen: Zännbiischt,Zahnpasta, ee Läppchen,Seef ee klengt Duch, eng Biicht
  • Schwammsaachen: e grousst Duch, e Maillot/ uleiend Schwammbox / Schwammkaap / wa néideg Ärmecher
  • Ee Schlofsaack
  • Carrymatt oder Loftmatratz
  • *evt. een Kappkessen an e Petzi
  • zwee Kichendicher
  • ee klenge Rucksack
  • een Bidon
  • eppes fir ze liesen fir an der Freizeit oder ee Kaartespill
  • e Stoffene Saack fir déi knaschteg Kleeder
  • frësch Ennerwäsch an Strëmp fir all Daag
  • eng gudd Reejaket (net onbedingt eng schéin awer eng déi gudd géint de Reen ass !!!)
  • dëck Schung, Turnschlappen
  • Gezei fir all Wieder an dees waat kann knaschteg gin
  • eng Kaap an eng Mutz (owes kann et kaal gin)
  • Sonnecrème (hoffentlech brauche mir se.)
  • Spray géint Zecken a Moussetiken
  • een Täschmesser
  • eng Täschelucht
  • Schlappen, an Wasserschlappen
  • an ganz wichteg Spulldicher ( ja t gett och gespullt).

Verpaackt alles an engem Rucksaak. Et ass wichteg dass är Saachen gezeechend sin!
Gitt d’Kopie vun der Impfkaart,eng Kopie vun der Carte d’idendité , d’Fiche an d’Suen op der Plaatz of.
Net matbrengen: Wertsaachen, Handy, Gameboy , Täschegeld an Séissegkeeten.

 

4) Fir all d’AvEx:

Salut AvEx,

Samschdes den 2. an den 9. Juli ass normal Versammlung um Bierg vun 14:00-16:00
D‘Guide/Scoutsjoer as elo geschwenn eriwwer awer firdurn kennt nach d’Kréinung vum Scoutsjoer de CAMP. Bis Readakiounsschluss haate mir nach net all Informatiounen, duefir kommen déi demnächst hei op de Site

5) Fir all d’CaraPio:

Léif CaraPio,

Versammlungen
De Samgden, 2. Juli ass moies Pabeiersammlung wou mer dem Grupp nach emol wëlle weisen dass mer d’Ennerstëtzung fir de Camp och verdéngt hunn. Mëttes ass Versammlung vun 14:00-16:00. Déi Leit déi offréiert hunn hir Zelter mat op de Camp ze huelen sollen déi mat an d’Versammlung brénge fir dass mer se kontrolléiere kënnen.

De Samgden, 9. Juli ass normal Versammlung vu 14:00-16:00 um Prënzebierg.

Camp a Schweden
RDV
Den 18.7. um 9:00 an Uniform a Foulard um Findel an der Entréeshal virum Check-in Beräich. Mir invitéieren iech Fahrgemeinschaften ze organiséieren.

Mathuelen

Fir mat an de Fliger:

  • Täschegeld (max. 500kr, op der Bank bestellen)
  • Original Dokumenter: Carte d’identité respektiv Pass (dat wouvunn der eis eng Kopie ginn hutt), Impfkaart, Sécurité Sociale, Autorisation Parentale.
  • Mir kréien am Fliger eppes z’iessen an ze drénken.

Fir an de grousse Rucksak (mat Housse géint de Reen)

  • Kleeder fir Sonn a Reen
  • Ënnerwäsch, Strëmp,
  • Biergschung, eventuell Turnschlappen
  • Hutt oder Kap
  • Schwammbox / Maillot
  • kompakt Handduch
  • Wäschsaachen (Seef etc soll biologesch ofbaubar sinn)
  • 1 Spullduch
  • Schlofsak
  • Carrymatt
  • Rucksak mat Housse géint de Reen
  • grouss Dreckstut fir an de Rucksak
  • Medikamenter
  • Bloderploschteren
  • Spray géint Moustiquen
  • Sonnecrème
  • Gamelle
  • Besteck
  • Bidon(en) fir am ganzen 2L
  • Becher
  • Täscheluucht
  • Täschemesser
  • Bic

Wichteg: loosst Plaz am Rucksak fir déi puer Saache wou mer als Grupp mat huelen an op jidderee verdeelen (Zelter, Dëppen,…). Pakt kompakt a liicht. Dir musst ären egene Rucksak eng Woch lang droen.

Retour: de 25.7. um 17:10 um Findel bei den “Arrivals”.

Och an der Vakanz gëtt är Hëllef gebraucht, liest duefir bei: 8) Fir all d’CaraPio/ d’RaRo/d’Cheféquipe/ d’Guilde an d’Matarbechter a maacht mat 🙂

 

6) Fir all d’RaRo:

Léif RaRo nächst Woch ass POSA, gewinten RDV wei emmer um 8:30 op der Lengerstros. Deng Hellef gett gebraucht.

Den 9ten Juli as eis läscht Versammlung wéi gewinnt vun 16h00 – 18h00 um Bierg.

Lenks Patt är Chefféquip

P.S. Vill Spaass an eng flott zait op ären diversen Odyseen

Och an der Vakanz gëtt är Hëllef gebraucht, liest duefir bei: 8) Fir all d’CaraPio/ d’RaRo/d’Cheféquipe/ d’Guilde an d’Matarbechter a macht mat 🙂

 

7) Fir all d‘Chef:

En Mettwoch den 29. Juni ass Grupperot um 20°° beim Guy doheem.

8) Fir all d’CaraPio/ d’RaRo/d’Cheféquipe/ d’Guilde an d’Matarbechter

Pabeiersammlungen: 2. Juli, 6. August an 3. September: R.d.v. wéi gewint um 8.30 Auer zu Péiteng op der Lengerstrooss. Wëll Vakanzenzeit ass, a fill Leit fort sin ass et extra wichteg dass jidferee wou kann, och do ass. MERCI!!

Vakanzenaktioun: Donneschdes de 4.08: Am Kader vun der Vakanzaktioun vun der Gemeng ass um Prënzebierg e Spillnomëtteg wou d’Kanner d’Welt vum Scoutismus kenne léiren. Mir brauchen de ganzen Daag vu moies 9.30 Auer bis +/-18 Auer Leit fir ze Hëllefen. Bass DU derbei? Dat so w.e.g. dem Claire Dording um 621683999 Bescheed.MERCI

Leave a Comment

Är Emails-Adress gëtt net verëffentlecht. Déi obligatoresch Felder si mat engem * markéiert

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Scroll to Top